D'Ofholzung vu Beem am Amazonas-Reebësch ass fir d'éischte Kéier zanter 15 Méint nees geklommen.

Am Juli goufe 666 Quadratkilometer vum Amazonas-Reebësch zerstéiert. Dat si ronn 33 Prozent méi ewéi am Juni, wou et der nach 500 waren. Dat schreift d'Noriichtenagence AFP a berifft sech dobäi op offiziell Zuele vun der brasilianescher Regierung.

Wéi et vun dëser heescht, kéint e Streik bei der brasilianescher Agence fir Ëmweltschutz "Ibama" ee Facteur sinn, deen zu der Hausse vun der Ofholzung bäigedroen huet. Ausserdeem misst ee bedenken, dass de Réckgang vun der Ofholzung an de leschten 12 Méint ëm 45,7 Prozent zeréckgaange wier, sou de brasilianeschen Ëmweltministère. Wärend tëscht August 2022 a Juli 2023 nach 7.952 Quadratmeter Amazonas-Reebësch gehae goufen, waren et der tëscht August 2023 a Juli 2024 nach 4.315.

Den Amazonas-Reebësch erstreckt sech iwwer 9 Länner, woubäi de gréissten Deel a Brasilien läit. Mat senge Milliarde vu Beem ass en e wichtegen CO2-Späicher.