D’Kamala Harris ass als Vizepresidentin vun den USA déi éischt Fra mat Deelverantwortung am Wäissen Haus an der Geschicht vum Land.

Elo am November besteet d’Méiglechkeet, dass si den Oval Office iwwerhëlt a nach eemol Geschicht schreift. D’Decisioun läit an de sougenannte “Swing States” an den USA, op déi sech béid Kandidaten – Harris an Trump – an de nächste Wochen intensiv wäerte konzentréieren, fir déi néideg 270 Stëmme vu Walmänner zesummen ze kréien, déi de Büro fir 4 Joer zu Washington DC garantéieren.

De Petz Bartz huet sech mat enger amerikanescher Professorin ënnerhal, déi den Ament op Invitatioun vun der Miami University zu Lëtzebuerg ass.
 
Wann haut Wale wieren, léich d’Demokratin Kamala Harris neelech vir an de nationale Sondagen. Allerdéngs huet déi Methodologie eng Feelermarge vun 3 bis 4 Prozent. Schonn 2016 hat d’Hillary Clinton méi Stëmme wéi den Donald Trump. Den Trump awer hat um Enn méi Walmänner, zemools déi an de wichtege sougenannte “Battleground States”.

An de Käpp vu ville Wieler war et virun allem och e Problem, dass d’Hillary Clinton eng Fra ass, erkläert d'Dr. Carolyn Jefferson-Jenkins vun der Universitéit vun North Carolina.

"Fir déi éischt Fra ze sinn, déi sech als Presidentin opstellt, hu sech misse sämtlech Normen änneren. Et ass eng Ännerung, wéi Wieler drop reagéieren, eng Fra als Presidentin ze hunn. Deemools goufe vill Diskussioune gefouert, déi der aktueller Diskussioun haut vun Notze sinn. D’Kamala Harris huet dovu profitéiert an haut sinn d’Wieler méi gewinnt, Fraen a Féierungspositiounen ze gesinn. Nach si mer net do, mee hoffentlech komme mer op de Punkt, wou eng Fra als Presidentin vun den USA méiglech gëtt."

D'Diskussioun, déi elo gefouert gëtt, ass eng aner. A si ass eng aner, och opgrond vun der Viraarbecht duerch d’Walcampagne vum Hillary Clinton deemools 2016.

D’Demographie an de 50 Staaten an d’Walbedeelegung sinn déi zwee wichteg Punkten, déi um Enn d’Walen dierften entscheeden. Et goung laang Rieds ëm d’Ofdreiwungsrecht an d’Immigratioun, mee fir de grousse Public dominéiere ganz aner Themen um Enn.

"Aarbechtsplazen an d’Wirtschaft sinn enorm wichteg, egal a wéi engem Staat der lieft. Mir an North Carolina als “Battleground State” ginn den Ament bombardéiert mat Visitte vu béide Kandidaten an den Diskussioun ronderëm Aarbechtsplazen an d’Wirtschaft. Ofdreiwung an Immigratioun si wichteg Themen, mee fir de grousse Public sinn et däitlech d’Wirtschaft an d’Aarbechtsplazen."

52 Prozent vun de Wieler an den USA si Fraen. Mee och dat eleng ass keng Informatioun, déi noutgedrongen erlaabt drop ze schléissen, wéi d’Walen de 5. November kéinten ausgoen. Et ass dat, wat an de nächste véier Wochen nach geschitt, op dat et wäert ukommen um Enn.
 
En Dënschdeg den Owend schwätzt d'Professorin Jefferson-Jenkins nieft aneren op engem Event, dee vun der Miami University, zesumme mat der amerikanescher Ambassade organiséiert gëtt. D'Table ronde fänkt um 18.15 Auer am Helix-Gebai vun der Post op der Stater Gare un. Et muss ee sech per Mail u contact.mulf@gmail.com umellen, fir kënnen dorun Deel ze huelen.