
An der Haaptstad Teheran soll um Samschdeg den Owend en Ueleg-Depot am Süde vun der Stad bei engem Loftugrëff getraff ginn. Dat nodeem Israel ugekënnegt hat, eng nei “Welle vu Loftattacken” géint Teheran ze lancéieren. No éischte Rapporte gouf en Depot an der Géigend vun der Raffinerie getraff, mee déi soll nach funktionéieren.
An der Stad Dubai ass e Resident ëm d’Liewe komm, nodeems Metallstécker vun enger Loft-Ofwier-Interceptioun op en Auto gefall sinn. De Virfall ass am Quartier Al Barsha geschitt, wou de Chauffer vum Gefier gestuerwen ass.
Den iranesche President Massud Peseschkian huet um Samschdeg de Moien nach annoncéiert, d'Ugrëff op aner Länner an der Regioun anzeschränken an huet sech bei den Nopeschlänner entschëllegt, "déi vum Iran ugegraff goufen." Zanter dem Ufank vum Krich leschte Weekend koume bei iraneschen Ugrëff an den anere Golflänner 13 Mënschen ëm d'Liewen. D'Iwwergangsregierung am Iran hätt "decidéiert, datt keng weider Ugrëff op d'Nopeschlänner gestart ginn, ausser, een Ugrëff op den Iran geet vun dëse Länner aus", esou de Peseschkian an enger Usprooch am Staatsfernsee. Domadder sinn allerdéngs de facto och déi amerikanesch Militärbasen an de Golfstaate gemengt.
Iwwert dem Fluchhafe vun Dubai gouf zäitgläich ee weidert Geschoss ofgefaangen. Een Zeien huet der AFP géigeniwwer vun enger Explosioun a vill Damp am Himmel geschwat. Dem Verdeedegungsministère vun de Vereenegten Emirater no wier et eng Attack vum Iran op de Golfstaat gewiescht. D'Airline Emirates huet nom Virfall bis op Weideres all Flich vun an op Dubai gestoppt. Souwuel de Katar, wéi d'Arbesch Emirater a Saudi-Arabien hunn awer am Laf vum Samschdeg weider iranesch Attacke gemellt.
D’Arabesch Liga plangt fir e Sonndeg eng Reunioun iwwer Videokonferenz wéinst den Attacke vum Iran, ënner anerem an der Golfregioun. D’staatlech Noriichtesäit Al-Ahram huet gemellt, datt dës op Ufro vu Saudi-Arabien organiséiert gëtt.
Den Ausseminister vum Iran Abbas Araghchi sot um Samschdeg den Owend, datt hir Oppenheet fir eng Deeskalatioun vum Konflikt bal direkt vun den Aussoe vum Donald Trump zerstéiert gi wier. Den US-President hätt kloer hir Intentiounen an hire Wëllen falsch interpretéiert.
Den US-President Donald Trump hat eng Warnung op senger Plattform Truth Social gepost. Zum Schluss vu sengem Message huet den Trump geschriwwen, datt den Iran "haut ganz haart getraff gëtt". Hien huet dobäi vu kompletter Zerstéierung geschwat an dem sécheren Doud vun Ziler a Mënschegruppen, déi bis elo verschount bliwwe sinn.

Den US-President huet iwwerdeems annoncéiert, nees méi Waffen ze produzéieren. D'Vereenegt Staaten hunn Israel awer och eng 12.000 Bomme verkaaft, dat fir ëmgerechent ronn 150 Milliounen Euro.

D'israeelesch Arméi huet um Samschdeg annoncéiert, elo an déi nächst Phas iwwerzegoen. Et géif drëms goen, den iranesche Regimm a seng Waffekapazitéite weider ze reduzéieren. Iwwer d'US-amerikanesch Regierung ass ze héieren, d'Militär vum Iran wär staark geschwächt an dass d'iranesch Rakéitenattacke schonn ëm 90 Prozent zeréckgaange wären. Iwwer 30 Schëffer vun der iranescher Marinn wäre futti gemaach ginn a wären deemno net méi operabel. Experten no huet den Iran allerdéngs zegdausend Dronen a kann och op déi informatesch Ënnerstëtzung vu Russland zielen.
Aus dem Libanon ginn iwwer 200 Doudeger zanter dem Ufank vun der israeelescher Offensive gemellt. Knapp 800 Leit wiere blesséiert ginn, heescht et vum Santésministère zu Beirut, dat a groussen Deeler zerbommt gouf. Aenzeien soten den Noriichtenagencen, d'Banlieuë vun der Haaptstad wieren eng "Geeschterstad". Israel hat d'Populatioun virun e puer Deeg dozou opgeruff, ze flüchten. Eent ass kloer - e séiert Enn vum Krich zeechent sech net of. Den US-President Trump huet e Freideg erkläert, de Krich géif nëmmen duerch eng "bedéngungslos Kapitulatioun" vun den Leaderen zu Teheran op een Enn goen.
Wat d'EU ugeet, esou warnt den Iran Europa virun enger Amëschung. Sollten d'Europäer sech den Loftattacken vun den USA uschléissen, misste si mat Revanche rechnen, esou en héichrangege Representant vun der iranescher Regierung an engem Interview mat der franséischer Chaîne France 24. Den Iran huet och ferm Kritik geäussert, dass d'USA sech an d'Nofolleg vum eliminéierte Leader Ayatollah Ali Chamenei amësche wëll.
Israel reprochéiert dem Iran dogéint, Stréibommen anzesetzen - Waffen, déi esouguer an deem bluddege Kontext méi ewéi ëmstridde sinn. Bei dësem Typ vu Munitioun gëtt et besonnesch dacks sougenannten "Blindgänger" déi net direkt explodéieren an esou déi zivil Bevëlkerung och nach Joerzéngten no engem Konflikt gefäerde kënnen.