De 27. Januar 1945, also op den Dag genee virun 80 Joer, gouf d'Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau vu sowjeteschen Truppe befreit.

Dobäi goufen eng 7.000 Leit, déi hei nach agespaart waren, gerett. Ma vun 1940 bis 1945 goufen am Lager tëscht 1,1 an 1,5 Millioune Mënschen, déi meescht vun hinne Judden, dorënner och Lëtzebuerger, vun den Nazien ëmbruecht. E Méindeg um internationalen Holocaust-Gedenkdag gëtt zu Auschwitz un d'Befreiung vum KZ erënnert. Fir RTL op der Plaz waren de Marc Hoscheid an den Tim Morizet.

D'Gedenkzeremonie hat d'Aussoe vun den Iwwerliewende ganz kloer als Fokus. No der Begréissung duerch de Marian Turski war et duerno un den Haaptrieden, déi vun der Janina Iwanska, der Tova Friedman an dem Leon Weintraub koumen.

Et wier zwar normal, datt sech d'Ëffentlechkeet fir d'Erënnerunge vun den Iwwerliewenden interesséiert, mee si wieren awer just eng ganz kleng Minoritéit. Déi grouss Majoritéit vun de Leit, déi op Auschwitz bruecht goufen, kéinten hir Geschicht par Konter net méi erzielen, huet de Marian Turski ze bedenke ginn. Et géing een iwwerdeems och haut nach dee selwechten Antisemitismus gesinn, wéi deen, deen den Holocaust verursaacht huet. Als Beispiller huet den 98 Joer ale Mann d'Attack vun der islamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 a Verschwierungstheorië queesch uechter d'Welt genannt. D'Tova Friedman huet hirersäits erkläert, si géing de 27. Januar all Joer feieren, wéi wann et hire Gebuertsdag wier.

Fir d'Pressevertrieder war ee grousst Zelt opgebaut, an dat war och net vu Muttwëll - eng 1.000 Journaliste ware fir e Méindeg ugemellt. D'RTL-Journaliste konnten e Méindeg net selwer d'Lager besichten, si hunn d'Zeremonie op engem groussen Ecran gekuckt. D'Zeremonie war an engem risegen Zelt direkt niewendrun, dat iwwert der bekannter Entréespaart mam Sproch "Arbeit macht frei" opgebaut war. Dëst Joer war zudeem ee vun den Zuchwaggonen, an deenen d'Leit op Auschwitz deportéiert goufen, direkt virun der Paart opgeriicht.

54 Länner a siwen international Organisatioune ware bei der Zeremonie vertrueden. Un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Delegatioun stoungen déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Premier Luc Frieden. Ma et war awer eben och ganz vill international Prominenz hei, zum Beispill de brittesche Kinnek Charles III, déi spuenesch Kinnekskoppel, de franséische President  Macron, den däitsche Bundespresident Steinmeier, den däitsche Kanzler Scholz an den ukrainesche President Selenskyj.

Ma och wann d'Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau virun 80 Joer vun de Sowjets befreit gouf, war e Méindeg kee russesche Vertrieder mat dobäi. Dat louch natierlech dorunner, datt Russland viru bal dräi Joer d'Ukrain iwwerfall huet. Ma och bei deene leschte ronne Gebuertsdeeg hat de russesche President Putin gefeelt. Hie gëtt Polen nämlech eng Matschold um Ausbroch vum Zweete Weltkrich an dem Holocaust.