Kaum Hëllef fir betraffe Residenten
Zwee Haiser däerfen duerch d'Lach net méi bewunnt ginn, well de Risiko, dass d'Lach sech zu all Moment nach ka vergréisseren, ganz grouss ass.
An engem vun deenen Heiser huet den Här Tamiozzo gewunnt, deen iwwergangsweis bei seng Duechter an d’Normandie huet musse plënneren.
"Mäi Papp huet 85 Joer. Et wier komplizéiert gewiescht fir hien eleng an engem Hotel 30 Kilometer wäit fort ze relogéieren. Mir hunn en du bei eis an der Normandie opgeholl an duerno een Appartement fir hie gesicht. Mir hunn all d'Käschte vun engem Appartement iwwerholl, dat heescht d'Kautioun, de Loyer vu 700 Euro de Mount, an d'Chargen. Dat sinn ongeféier 1.000 Euro de Mount méi, déi mäi Papp elo bezuele muss", erkläert d'Sophie Pierson, Duechter vum Här Tamiozzo.
D’Famill muss dës Käschte selwer droen an huet bis elo nach keng finanziell Hëllefe vun hirer Assurance kritt, well déi definitiv Expertis nach aussteet. Et ass awer net just de finanziellen Aspekt, deen der Famill ze schafe mécht:
"Mäi Papp ass al, et mécht him immens vill aus net méi kennen an deem Haus ze wunnen, an deem hie 50 Joer laang gewunnt huet. Mir wëssen, dass d'Prozedure laang sinn a mir kruten keng Delaie matgedeelt, dowéinst wësse mer net, wéini hien an d'Haus zréck kann an ob hien iwwerhaapt kann zréckgoen. Eise gréisste Wonsch ass, dass hien nees zréck a säin Haus kann. Hien huet do all seng Souveniren an dat ass, wou hie sech am wuelste spiert", esou nach d'Sophie Pearson.