Am Fall vum Urteel géint d'Marine Le Pen wëll en Appellsgeriicht bis Summer d'nächst Joer tranchéieren.

D'Riichter gesinn et als erwisen, dass d'Marine Le Pen an hirer Zäit am Europaparlament EU-Suen an Héicht vu méi wéi véier Milliounen Euro verontreit huet, fir Mataarbechter vun hirer Partei ze bezuelen. Strofmooss, véier Joer Prisong, zwee op Sursis an zwee mat Foussfesselen an, fir si méi grav, si ass mat Effet immediat vu Walen ausgeschloss.

Cette décision de justice a fait un peu l'effet d'une bombe, c'est une sorte de séisme politique, même si on s'attendait un peu à cette nature de décision, il ne faut pas oublier que Marine Le Pen représente des millions de voix aux dernières élections présidentielles, 8 millions, plus de 8 millions de voix au premier tour et 13 millions au second tour, et qu 'elle apparaissait comme une figure de tête des prochaines élections présidentielles de 2027.

Net Wielbarkeet! Eng haart Strof, déi si soss fir politesch Géigner gefuerdert hat, déi eng komme gelooss haten, wëll si elo selwer ufechten. Villes hänkt vum Kalenner of, d'Presidentielle sinn an zwee Joer, d'Lëschte musse sechs Woche virun der Wal fäerdeg sinn. Nach en Dënschdeg hat d'Marine Le Pen Appell géint d'Urteel ageluecht. D'Cour d'appel huet nach um selwechten Dag annoncéiert, am Summer 2026 wier mat enger Decisioun ze rechnen. Eng Kandidatur bleift also nach méiglech.

Le juge d'appel décide soit en tout cas d'annuler cette exécution provisoire ou d'estimer qu'elle mérite d'être suspendue, soit même peut-être de réduire la durée de l'inéligibilité en estimant que l'année, par exemple, purgée pourrait suffire.

Och wann d' Geriicht am Summer 2026 eng Decisioun hëlt, géif et awer fir d'Marine Le Pen net einfach an deem Kontext, ënner Zäitdrock eng Campagne op d'Been ze stellen. Bis elo kënnt et fir si net a Fro, d'Zepter beim RN un een anere Kandidat ofzeginn. Logeschen Nofollger wär wuel de Parteipresident Bardella, dee profitéiere kéint.

La deuxième option, c'est bien sûr que le Parti se fragmente et que les voies, la base électorale du Parti aille ailleurs. On a vu d'autres figures populistes monter en grade. On pense notamment à Éric Zemmour.

Mee nach ënnerstëtzt den RN seng Kandidatin. On sera là jusqu'au bout, on sera là jusqu'à la victoire