Geriicht verurteelt Marine Le Pen - dierf net méi bei Walen untrieden
E Geriicht huet an der Affär ëm d'Verontreie vun EU-Gelder tranchéiert.
Zwee Méint laang huet de Prozess gedauert, elo de Moie gouf zu Paräis d‘Urteel gesprach. D'Marine Le Pen, Fraktiounscheffin vum rietse Rassemblement National a Frankräich, ass zesumme mat aacht Europadeputéierten an éischter Instanz verurteelt ginn.
D'Geriicht huet decidéiert, der Marine Le Pen dat passiivt Walrecht ze entzéien - domat dierf si fënnef Joer net méi an ëffentleche Walen untrieden. Dat nämmlecht gëllt fir déi aner Verurteelt am Prozess. D'Fraktiounscheffin vum RN dierft domat viraussiichtlech 2027 net bei de Presidentiellen a Frankräich kandidéieren.
D'Riichterin huet d'Politikerin doriwwer eraus zu véier Joer Prisong verurteelt. Zwee Joer sinn dovunner op Sursis, déi aner zwee Joer soll si mat enger elektronescher Foussfessel ofsëtzen dierfen.
Konkret geet et ëm de Reproche, dass de Rassemblement national an d’Madame Le Pen am Speziellen, jorelaang Assistenten am Europaparlament just zum Schäi beschäftegt haten. D‘Geriicht ass iwwerzeegt, datt Leit, déi offiziell als Assistenten am EU-Parlament engagéiert waren a vun do hir Pai kritt hunn, a Wierklechkeet fir d‘Partei geschafft hunn. Fir den Zäitraum vun enger Dose Jore wieren esou ronn 3 Milliounen Euro vun der EU amplaz fir d‘Aarbecht am Parlament fir Aufgabe vun der Partei mëssbraucht ginn.
Ee Beispill ass der Marine Le Pen hir Sekretärin. Si war als Assistentin am Parlament deklaréiert. Laut hirem Badge war si awer bannent engem Joer just ronn annerhallwe Schaffdag iwwerhaapt do am Gebai. D‘Geriicht ass dann och zur Conclusioun komm, datt dëst e fiktive Kontrakt war an deemno europäesch Steiersuen detournéiert goufen.
D‘Riichterin huet allerdéngs och erkläert, datt déi fréier Deputéiert sech doduerch net perséinlech beräichert hunn. Gläichzäiteg ass si iwwerzeegt, datt dëst e gréissere System war, dee vun der Partei-Spëtzt aktiv esou en place gesat ginn ass, fir déi finanziell Situatioun vun der Partei kënnen ze verbesseren.
D‘Marine Le Pen huet d'Geriicht nach virun der Annonce vum Strofmooss verlooss. Si an déi aner verurteelt Deputéiert an Assistente kënne géint d'Decisioun vum Geriicht an Appell goen. Dëst wëll si hirem Affekot no dann och maachen. D'Urteel wier ee "Schlag fir d'Demokratie", esou hiren Affekot Rodolphe Bosselut virun der Parteizentral vum Rassemblement National zu Paräis.
"Ech wäert kämpfen, ech loosse mech net einfach ausschalten." Eng Kandidatur vum Parteichef Bardella huet si zréckgewisen. Dee wier een Tromp fir d'Partei, deen een "net méi fréi soll spille wéi néideg", sou d'Le Pen.