"Et ass e reegelrecht politescht Äerdbiewen"
D'Marine Le Pen war Invitée um Dënschdeg Owend um Plateau vun TF1. / © AFP
D’Marine Le Pen gouf um Méindeg vun engem Geriicht verurteelt an ass elo fir 5 Joer net méi eligibel.
D’Entscheedung huet wéi eng Bomm an der franséischer Politik ageschloen. Den Alexandre Mortelette vun der Universitéit Lëtzebuerg huet erkläert, datt dëst Urteel e richtegt politescht Biewen ausgeléist huet.
D’Marine Le Pen hat bei de leschte Presidentschaftswale Millioune Stëmme kritt a war eng vun de wichtegste Figure fir déi nächst Presidentschaftswalen 2027. An engem aktuelle Sondage koum si op 37 Prozent. "C'est un véritable séisme politique," esou de Politolog Alexandre Mortelette.
Impakt op d’Dynamik bannent dem Rassemblement National
Verurteelt gouf d’Politikerin vum Rassemblement National wéinst Verontreiung vun ëffentleche Fongen. Zanter e Méindeg huet d’Marine Le Pen fir fënnef Joer kee passiivt Walrecht méi an ass deemno net méi eligibel.
Wann et eng Opléisung vun der Nationalversammlung nächste Juni oder Juli gëtt, kann si net méi kandidéieren, erkläert de Politolog.
Den Alexandre Mortelette ka sech zwee Zenarie fir d’Partei vun der Marine Le Pen virstellen:
Engersäits kéint dës Entscheedung d’Partei stäerken an dozou beweegen, de Plang B ze wielen. Eng Kandidatur vum Jordan Bardella, de President vum Rassemblement National. Hie kéint sech vun elo un op d'Presidentschaftswale virbereeden.
Anerersäits kéint d’Partei sech fragmentéieren an d'Basis vun de Wieler kéint sech anescht orientéieren. Aner populistesch Figuren, wéi den Éric Zemmour, kéinte vun der aktueller Situatioun profitéieren.
"On peut imaginer que la base électorale du Rassemblement national, comme elle a perdu sa chef, entre guillemets, explose," sot den Alexandre Mortelette.
Justiz huet Gesetzer applizéiert
De Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg mengt, datt d’Urteel virun allem weist, datt et eng strikt Trennung vun de Muechten a Frankräich gëtt. D’Justiz hätt hei d’Gesetzer applizéiert.
Et ass och ze erwaarden, dass d'Populatioun a Frankräich op d'Urteel reagéiert. "On peut imaginer un désintérêt pour la classe politique, une montée de l'abstention," huet den Alexandre Mortelette betount.
D’Urteel an éischter Instanz huet elo schonn enorm Konsequenzen op d'franséisch Politik.