Fra an Australien wéinst Mord un Ex-Schwéiereltere schëlleg gesprach

© AFP/William WEST
Och d'Tatta vun der Verurteelter hirem Ex-Partner koum ëm d'Liewen, nodeems si vum gëftege Plat giess huet.
D'Jury vun engem australesche Geriicht huet e Méindeg eng 50 Joer al Fra schëlleg gesprach, dräi Mënschen ëmbruecht ze hunn, andeems si hinne gëfteg Champignonen zerwéiert huet. D'Erin Patterson gouf och dem versichte Mord schëlleg gesprach, well ee véierten Invité - e Paschtouer - knapps iwwerlieft hat.
D'Champignonen hat si hire Gäscht am Juli 2023 an engem traditionellen englesche Plat zerwéiert, engem "Beef Wellington". D'Elteren an d'Tatta vum Ex-Mann vun der Verurteelter si gestuerwen. Der Fra hiren Ex-Mann war u sech och invitéiert, ma hien hat d'Invitatioun net ugeholl, well hie sech "ongemittlech" domat gefillt hat.
Der Erin Patterson hir Bezéiung zu hirem Ex-Partner Simon war an der Zäit virun der Dot ëmmer méi ugespaant ginn, och well déi fréier Koppel sech iwwert den Ënnerhalt fir d'Kanner gestridden huet.

© SUPREME COURT OF VICTORIA/AFP/File/Paul Tyquin
D'Fra huet wärend dem Prozess, deen iwwer zwee Méint vill Opmierksamkeet op sech gezunn hat, ëmmer drop bestanen, datt d'Vergëftung een Accident gewiescht wier. Am Plat ware sougenannten "Death Cap Mushrooms", déi iessbare Varianten zum verwiesselen änlech ausgesinn, ma zu deenen déidlechste Champignonen op der Welt gehéieren.
Dem Ex-Partner seng Tatta Heather hat nom Iessen nach geschwäermt, de Beef Wellington wier "onheemlech lecker a wonnerschéin" gewiescht. Bannent enger Woch ware si an d'Eltere vum Ex-Partner dout. Déi Verurteelt hat hir Gäscht gezielt, si hätt eng Kriibs-Diagnos kritt a bräicht Rot, wéi si hire Kanner d'Nouvelle sollt matdeelen. Am Laf vun den Ermëttlungen huet sech dunn awer erausgestallt, datt si ni esou eng Diagnos krut. Dem Parquet no hätt d'Erin Patterson de Kriibs erfonnt, fir hir Gäscht un hiren Iessdësch ze kréien.