Den Ausbau vun der Wandenergie an d'Migratioun wieren dem Donald Trump no déi zwee gréisste Menacë fir Europa.

Dat sot den US-President bei senger Arrivée a Schottland, wou hien de Weekend am Kader vun enger net-offizieller Visitt verbréngt.

Dem amerikanesche Staats- a Regierungschef no géifen d'Wandrieder d'Schéinheet vum Kontinent zerstéieren an d'Villercher ëmbréngen. Dem brittesche Premier Keir Starmer seng Labour Party setzt staark op den Ausbau vun den erneierbaren Energien.

Den Donald Trump ass a Schottland, fir zwee Golf-Terraine kucken ze goen, déi senger Immobiliëfirma gehéieren. E Sonndeg ass awer och en Treffe mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen geplangt, bei deem weider Rapprochementer am Zoll-Sträit z'erwaarde sinn.