US-President Trump annoncéiert, Atom-U-Booter lasszeschécken

© AFP/Archiv/Andrej ISAKOVIC, Brendan Smialowski
De Sträit tëscht dem US-President Donald Trump an dem fréiere russesche President Dmitri Medwedew eskaléiert.
Op senger Plattform "Truth Social" huet den US-President Trump elo annoncéiert, zwee Atom-U-Booter lasszeschécken, déi dann an den "entspriechende Gebidder" placéiert solle ginn.
Hien huet de Schrëtt mat "héich provokativen Äusserungen" vum russeschen Ex-President Dmitri Medwedew begrënnt, deen dem Trump säin Ultimatum u Russland fir e Fridden an der Ukrain als ee "Schrëtt a Richtung Krich" bezeechent hat. Den Trump hat Russland en Dënschdeg eng Frist vun zéng Deeg gesat, fir d'Kämpf an der Ukrain opzeginn. Anescht misst Moskau mat Sanktioune rechnen.
Den Trump a Medwedew streide sech schonn zanter Deeg ëffentlech. Nodeems den Trump Russland mat Stroftaxe gedreet hat, huet de Medwedew op der Plattform X mat enger direkter militärescher Ausernanersetzung tëscht Russland an den USA gedreet.
De Medwedew gëllt als enke Vertrauten vum russesche President Wladimir Putin an ass Virsëtzende vum Nationale Sécherheetsrot a Russland. Den Trump huet e Freideg op senger Plattform geschriwwen, hie géif d'Atom-U-Booter lassschécken, "fir de Fall, datt dës oniwwerluecht a provokativ Aussoen wéi wéi just Wierder sinn." Wierder géifen dacks zu "ongewollte Konsequenze" féieren, esou den US-President. "Ech hoffen, dat wäert net ee vun dëse Fäll sinn."