Op engem Vol vun der spuenescher Fluchgesellschaft "Iberia Airlines" krute jiddesch Passagéier koscher Plate mat pro-palästinensesche Sloganen zerwéiert.

Wéi d'Airline confirméiert huet, war op verschidde Barquetten, an deenen dat koschert Iessen zerwéiert gouf, mat der Hand de Slogan "Free Palestine" geschriwwe ginn. Op anere wier just d'Ofkierzung "FP" ze liese gewiescht. Passéiert wier den Tëschefall e Méindeg op engem Fluch vu Buenos Aires op Madrid.

De Verband vun den Israeelesche Communautéiten an Argentinien (DAIA) huet Fotoe vun de Barquette publizéiert a schreift vun engem gravéierende Fall vun Antisemitismus.

Vun "Iberia" heescht et weider, dass een eng Enquête an d'Weeër geleet gi wier, fir den Tëschefall opzeklären. Et wéilt ee souwuel intern ermëttelen, ewéi och beim externe Fournisseur, dee sech ëm de Catering fir d'Airline këmmert.

D'Bord-Personal hätt den Tëschefall dokumentéiert a sech beméit, op d'Suerge vun de betraffene Passagéier anzegoen. De Pilot vum Fluch hätt sech am Numm vun der Fluchgesellschaft perséinlech bei deene Concernéierten entschëllegt. De Virfall wier inakzeptabel a géif am Widdersproch zu  der Identitéit vun "Iberia" stoen, déi vun de Wäerter Respekt an Inclusioun gepräägt wier, sou d'Airline nach.