E Mëttwoch sinn op d'mannst 40 Leit gestuerwen, wéi déi sudaneesesch Loftwaff e Fliger aus de Vereenegten Arabeschen Emirater bombardéiert huet.

Dem Reportage vun der sudaneesescher Staatstëlee no ware kolumbianesch Söldner u Bord vum emiratesche Fliger. De kolumbianesche President Gustavo Petro huet erkläert, seng Regierung géing probéieren erauszefannen, wéi vill vun den Doudege Kolumbianer wieren. "Mir wäerte gesinn, ob mir Läichen zréckbrénge kënnen", schreift de Petro op X.

E Militärvertrieder, deen anonym bleiwe wëll, sot, datt den emiratesche Fliger um Fluchhafen Nyala an der westlecher Regioun Darfur "bombardéiert a komplett zerstéiert" gi wier. D'sudaneesesch Truppen, déi zanter Abrëll 2023 e Krich géint d'RSF-Miliz féieren, hate rezent eng Rei Loftattacken op de Fluchhafe gestart.

Déi sudaneesesch Arméi reprochéiert de Vereenegten Arabeschen Emirater scho méi laang, d'RSF iwwer de Fluchhafen Nyala mat moderne Waffe wéi Dronen ze versuergen. Abu Dhabi weist d'Virwërf zréck, obwuel och Rapporte vun UN-Experten, US-Politiker an internationalen Organisatiounen dorop hindeiten. E Méindeg hat d'Militärregierung d'Vereenegten Arabeschen Emirater ausserdeem beschëllegt, kolumbianesch Söldner fir d'RSF ze rekrutéieren an ze finanzéieren. D'Militärregierung behaapt, Dokumenter ze hunn, déi d'Reprochë beleeë géingen.

D'Vereenegt Arabesch Emirater hunn an der Tëschenzäit d'Informatioune vum Sudan als "falsch" bezeechent.

De kolumbianesche President Petro huet erkläert, datt ee géint d'Söldner virgoe wéilt. Dëst wier eng Aart vu "Mënschenhandel", bei där d'Mënschen als "déidlech Wuer" genotzt géinge ginn.