Oberhausen an Nordrhein-WestfalenAbriecher gëtt midd a leet sech schlofen - Poliziste fannen hien am Bett

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg hunn zwee Polizisten en Abriecher festgeholl, nodeems d'Bewunner vun engem Appartementshaus hie souzesoen in flagranti erwëscht hunn.

D’Bewunnerin war heem komm an huet gesinn, datt hir Entréesdier opgebrach gi war. Si huet d’Beamte geruff an déi hunn net schlecht gestaunt, wou si den Tatort duerchsicht hunn.

An der Schlofkummer vum Affer louch den Abriecher am Bett an huet déif a fest geschlof. Aus dem Schlof gerappt gouf hien dunn awer vun de Polizisten, déi de 34 Joer ale Mann nach an de Fiedere festgeholl hunn. Hie konnt dunn um Policebüro weiderschlofen.

Back to Top
CIM LOGO