No hybride russesche MenacenAm Elysée zu Paräis war haut eng Zort Krisereunioun

RTL Lëtzebuerg
Virun allem déi hybrid Menacen aus Russland hätten sech déi lescht Wochen verstäerkt.
© AFP/STEPHANE DE SAKUTIN

Am Elysée zu Paräis war haut eng Zort Krisereunioun. De franséische President Emmanuel Macron hat d'Parteicheffen an d'Kandidaten fir d'Presidentiellen zesummegetrommelt. Dräi Stonnen gouf diskutéiert. Duerno huet de Staatschef virun der Presse iwwer d'Menacen géint Frankräich an Europa geschwat.

Virun allem déi hybrid Menacen aus Russland hätten sech déi lescht Wochen verstäerkt. Op säin Uerder soll d'Regierung elo e Plang ausschaffen fir déi kritesch Infrastruktur vum Land ze protegéieren.

Iwwerdeems wären exklusiv d'Kricher an d'Fermeture vun der Strooss vun Hormus Schold un den héijen Pëtrolspräisser, esou de Macron. Frankräich géing en G7-Sommet iwwer d'Energie organiséieren an d'EU-Kommissioun opfuerderen méi a méi séier Pëtrol a Gas ze stockéieren.

D'Marine Le Pen vum Rassemblement National war selwer net present. Si hat sech vum Jordan Bardella vertriede gelooss. Ma wärend engem Deplacement huet si matdeele gelooss, dass de Macron als eenzeg Optioun hätt, d'Taxen op Sprit a Brennes ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO