
En Donneschdeg huet de Bedraiwer Fraport déi neisten Zuele publizéiert an deemno waren am Mäerz just 925.000 Passagéier zu Frankfurt gelant oder fortgeflunn. Dat si 56% manner wéi am Mäerz zejoert, an do war den Fluchtrafic schonn deels just nach restriktiv méiglech. Vergläicht een d’Passagéierzuel mat Mäerz 2019, ass et en Abroch vu bal 85%. Elo hofft een, dass et dëse Summer nees besser leeft, well een finanziell lues awer sécher ferme an d’Laberente kënnt.
Bis Enn vum Joer musse schonns eng 4.000 Aarbechtsplaze bei Fraport gestrach ginn.