
An der Antarktis goufe leschte Samschdeg op enger Fuerschungsstatioun 15,4 Grad Celsius gemooss. Dat ass déi héchsten Temperatur, déi et an engem Mount Juni do jeemools gouf, huet den argentineschen Wiederdéngscht confirméiert.
Den normalen Duerchschnëttswäert läit bei ronn -6 Grad. Ouni Iwwerraschung schmëlzt d'Äis ronderëm de Südpol aktuell dann och méi séier wéi gewéinlech.