
Dat mellen op alle Fall verschidden däitsch Medien a baséieren sech op Regierungskreesser.
Dem Plang aus dem Kanzleramt no misste Bundeslänner an och Landkreesser hir Mesuren da verschäerfen, wann den Inzidenz-Taux iwwert e gewëssene Seuil erausgeet.
Nach ass ongewëss, ob sou eng Ännerung eng Majoritéit am Bundestag ka kréien.