Hie war zesumme mat sengem belschen Homolog Maxime Prévot an der Generaldirektesch aus dem hollänneschen Ausseministère Heleen Bakker ënnert anerem do, fir den Affer ze gedenken.
Um Schwaarze Mier huet d’Visitt an der Hafestad an engem Park ugefaangen, an deem d’Ukrain den Zaldoten an Zaldotinne gedenkt, déi zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun gefall sinn. Empfaange gouf d’Delegatioun vum ukraineschen Ausseminister Andrii Sybiha.
Et ass e Krich, deen net de 24 Februar 2022 ugefaangen huet. Ma schonn 2014 mat der Attack vun der Krim an dem Donbass. Zanterhier sinn Zegdausenden Ukrainer gefall. Ee ganz emotionalen Ament, no deem et dem Xavier Bettel schwéier gefall ass, Wierder ze fannen, fir ze beschreiwen, wat e grad gefillt huet. Markéiert huet de Lëtzebuerger Ausseminister ënnert anerem de Gebuertsdatum vun engem vun den Zaldoten: 2009. Bluttjonk Männer, déi gestuerwe sinn, fir hiert Heemechtsland ze verdeedegen.
Weider goung d’Visitt an den Hafe vun Odessa, enger vun de Schlagodere vun der ukrainescher Wirtschaft. Den Direkter vum Hafen huet erkläert, wéi komplizéiert et ass, d’Installatioune weider um Lafen ze halen, nëmmen eng 80 Kilometer vun der Front. Woch fir Woch gëtt den Hafen, sief et vun der Krim, sief et vu russesche Krichsschëffer aus ugegraff. Oft setzen d’Russe ballistesch Rakéiten an. Den Direkt erkläert, dat d’Aarbechter alt net emol zwou Minutten hunn, fir sech e Sécherheet ze bréngen. Reegelméisseg ginn et Affer. D’Schied un den Infrastrukturen si mam bloussen Aen z’erkennen.
Eng weider Etapp zu Odessa ware politesch Gespréicher mam ukraineschen Ausseminister Andrii Sybiha, deen direkt um Ufank gefuerdert huet, datt den Drock op Moskau weider verstäerkt muss ginn. Politesch, awer och iwwer de Wee vu wirtschaftlech haarde Sanktiounen, déi wéi dinn.
“Mir stinn un der Säit un den Ukrainer”, sou de Xavier Bettel. Am Mëttelpunkt vun den Echangen tëscht de véier Staate stoung d’Aktualitéit. Op engem Ament, wou déi nächst Wochen entscheedend kéinte ginn. Mat der Hoffnung, aus ukrainescher Siicht, datt de Krich bis Enn vum Joer eriwwer ass.
Zum Thema Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain huet den Ausseminister Xavier Bettel betount, datt keng Lëtzebuerger Zaldoten an d’Ukrain geschéckt wäerte ginn. Onst Land wäert awer Satellitten-Technologie zur Verfügung stellen.
Iwwerdeems huet de belschen Ausseminister Maxime Prévot betount: d’Grenze vun der Ukrain, dierften net ugepaakt ginn. Et dierft keen Deal hannert dem Réck vun den Ukrainer ginn. Militäresch wäert d’Belsch d’Ukrain weider ënnerstëtzen, andeems ënner anerem Zaldoten ausgebilt ginn. Geschwë solle vun der Belsch F16-Fligeren un d’ukrainesch Arméi geliwwert ginn. Holland huet decidéiert, ënner anerem e ganzen amerikanesche Loftofwier-System ze finanzéieren.
Ofgeschloss gouf den Dag an der Ukrain mat der Visitt vun enger Energie-Infrastruktur, 50 Minutten Auto aus Odessa eraus. Installatiounen, déi am Krich als weesentlech ugesi ginn, a reegelméisseg vun de Russen ugegraff ginn.