13 Doudeger an 40 BlesséierterBilan no enger ukrainescher Dronen-Attack an der russescher Regioun vun Tatarstan

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng vun den heftegsten Attacken zënter dem Ufank vum Krich. Ënnert den Affer wier och e Kand, heescht et vun de russeschen Autoritéiten.
© MANDEL NGAN ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Am Viséier wieren industriell an zivil Ziler gewiescht. D'Stad Nischnekamsk läit eng 1.000 km vun der ukrainescher Grenz wech.

Am Ganze goufen an der Nuecht op e Méindeg méi ewéi 450 ukrainesch Dronen iwwer 15 russesche Regiounen ofgefaangen.

Am Géigenzuch sinn an der Ost-Ukrain 5 Leit bei enger russescher Rakéiten-Attack ëmkomm.

© YEVHEN TITOV/NurPhoto via AFP

Back to Top
CIM LOGO