"The Lancet"Brittesch Mutatioun net méi geféierlech fir Kanner wéi ursprénglech Souche

RTL Lëtzebuerg
An de leschten Deeg ass d'Noriicht zirkuléiert, datt a Groussbritannien méi Kanner wéinst Covid-19 hospitaliséiert goufen.

Dëst wier net op de B.1.1.7 zeréckzeféieren, ma op allgemeng méi héich Infektiounszuelen, esou brittesch Fuerscher.

Am Wëssenschaftsmagazin The Lancetgoufen déi éischt an déi zweet Well a Groussbritannien matenee verglach. Datt elo an der aktueller Infektiounswell méi Kanner hospitaliséiert goufen, wier op méi héich Infektiounszuelen zeréckzeféieren, soen d’Fuerscher. Dës Date weisen deemno drop hin, datt déi brittesch Variant net méi geféierlech fir Kanner a Jugendlecher ass wéi déi ursprénglech Souche.

D’Etüd verdäitlecht allerdéngs, datt et och bei Jonke wichteg ass, d’Infektiounen esou niddereg wei méiglech ze halen.

Och hei am Land ass d’Zuel vun neien Infektioune bei Kanner an d’Luucht gaangen an dowéinst gouf de Fondamental dës Woch jo erëm op Schoul Doheem ëmgestallt. Nach bis Enn der Woch wollt den Educatiounsminister Claude Meisch soen, wéi et no der Fuesvakanz soll weidergoen an eventuell Erkenntnisser iwwer déi nei Entwécklung ginn.

RTL-News: Faktenschéck: Stécht ee sech an der Schoul un?

Back to Top
CIM LOGO