
Den US-President Donald Trump huet en Donneschdeg Owend annoncéiere gelooss, “an den nächsten zwou Wochen” eng Entscheedung iwwert e méiglecht Agräife vun den USA am Krich tëscht Israel an dem Iran ze huelen. D’Zeitung “The Wall Street Journal” hat gemellt, den Donald Trump hätt schonn Ugrëffspläng géint den Iran ofgeseent, géif awer nach ofwaarden, fir ze gesinn, ob Teheran bereet wier, säin Atomprogramm opzeginn oder net.
An den nächsten zwou Wochen géif et eng “Zäitfënster fir eng diplomatesch Léisung”, formuléiert et de britteschen Ausseminister David Lammy. Dee kënnt um Freideg wéinst der militärescher Eskalatioun am Noen Osten mam däitschen a franséischen Ausseminister, dem iranesche Chefdiplomat an der europäescher Aussebeoptraagt fir Gespréicher zu Genf zesummen. Et soll hei konkret ëm eng Verhandlungsléisung fir den iraneschen Atomprogramm goen, heescht et am Virfeld aus europäeschen Diplomatekreesser.
Norwegesch Ambassade getraff
Iwwerdeems geet de Krich a seng zweet Woch. Zu Tel-Aviv ass en Donneschdeg Owend eng Granat am Gaart vun der Residenz vum norwegeschen Ambassadeur explodéiert. Dobäi wier kengem eppes geschitt, sou den norwegeschen Ausseministère. Norwegen hat viru Kuerzem zesumme mat Groussbritannien, Australien, Kanada an Neiséiland Sanktioune géint zwee israeelesch Ministeren annoncéiert, wéinst Incitatioun zur Gewalt géint Palestinenser an der Gazasträif an dem Westjordanland.
Am Süden vun Israel gouf et e Freide Moie fréi wéinst neien Attacken aus dem Iran Loftalarm. D’israeelesch Arméi wier amgaangen, d’Rakéiten ofzefänken, heescht et vun der Plaz.