Feelgeschloen ExekutiounChrista Pike iwwerlieft zwou Gëftsprëtzen a gëtt hospitaliséiert

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeems d'Fra no der Exekutioun nach um Liewe war, huet hiren Affekot eng urgent Motioun agereecht, fir d'Hiriichtung ze stoppen a Rettungsmesuren an d'Weeër ze leeden.
D'Christa Pike gouf fir de Mord un enger Bekannter zum Doud verurteelt.
D'Christa Pike gouf fir de Mord un enger Bekannter zum Doud verurteelt.
© HANDOUT/AFP

Eng Fra, déi e Mëttwochowend sollt am US-Bundesstaat Tennessee higeriicht ginn, huet d'Injektioun vun zwou Gëftsprëtzen iwwerlieft a gëtt elo am Spidol traitéiert. Dat huet den Affekot vum Christa Pike, sou den Numm vun der Fra, matgedeelt.

Onmëttelbar no der Exekutioun hunn Aenzeie géigeniwwer lokale Medie gesot, dass d'Pike, nodeems si zwou Gëftsprëtze kritt huet, nach ëmmer geotemt hätt an zimmlech sécher nach um Liewe gewiescht wier.

Den Affekot vun der Fra hätt doropshin eng urgent Motioun agereecht, fir d'Hiriichtung ze stoppen a Rettungsmesuren an d'Weeër ze leeden. Hie sot géigeniwwer enger lokaler Tëleeschaîne, dass déi mësslongen Exekutioun zu enger Agonie geféiert hätt, déi e Verstouss géint dem Pike säi Recht wier, op eng Manéier higeriicht ze ginn, déi fräi vun onnéideger Grausamkeet wier.

D'Hiriichtung war ursprénglech fir e Mëttwochnomëtteg ugesat, gouf awer eng Stonn virdru gestoppt, well d'Pike nach eng leschte Kéier Zweiwel un der Rechtméissegkeet vun hirem Geriichtsprozess ageluecht hat.

D'Christa Pike gouf 1996 am Alter vun 18 Joer wéinst dem Mord un enger 19 Joer aler Bekannter zum Doud verurteelt.

Back to Top
CIM LOGO