
Déi 50 Joer al Fra gëtt weider an engem Spidol an der Géigend vun Nashville intensiv behandelt. Hir Prognose ass nach ongewëss, d'Affekote rechnen awer mat enger laanger Erhuelungszäit.
Bei der Hiriichtung waren hir zwou Dosen vum Narkosemëttel Pentobarbital gesprëtzt ginn. Trotzdeem ass d'Pike net gestuerwen.
D'Affekote fuerderen elo, d'Doudesstrof an eng liewenslaang Prisongsstrof ouni Méiglechkeet op virzäiteg Entloossung ëmzewandelen.
Dernieft soll de Staat Tennessee all Beweiser am Zesummenhang mat der Hiriichtung vun der leschter Woch kënne virweisen. Dës Demande kéint d'Basis vun enger zukünftegerPlainte géint den US-Staat sinn. D'Affekote wëllen domat och d'Ëmstänn ënnersiche loossen, ënnert deenen d'Hiriichtung schifgelaf ass.
D'Pike war 1996 wéinst dem Mord un der deemools 19 Joer aler Colleen Slemmer zum Doud verurteelt ginn.