Uechtert d'WeltCorona mécht Croisières-Touristen e Stréch duerch d'Rechnung

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Corona-Fäll u Bord hunn eng Rei Croisière misste virzäiteg ofgebrach oder pauséiert ginn.
Corona mécht Croisières-Touristen e Stréch duerch d'Rechnung
Wéinst Corona-Fäll u Bord hunn eng Rei Croisière misste virzäiteg ofgebrach oder pauséiert ginn.

An Indien sinn op enger Croisière 66 Leit u Bord positiv getest ginn, nodeems d’Gäscht u Bord vum Schëff “Cordelia” an dat neit Joer eragefeiert haten. Déi 2.000 Leit u Bord dierfen den Ament nach net vum Schëff erof, esou de Gesondheetsminister vum Bundesstaat Goa, wou d’Schëff am Hafe läit. D’Autoritéite missten nach entscheeden, ob d’Crew a Passagéier u Land goen dierften.

D’Schëff “Aida Nova” vun Aida Cruises huet d’lescht Woch seng Rees ongeplangt missten zu Lissabon op een Enn bréngen, nodeems eng sëllege Corona-Infektioune bei der Crew opgetruede waren. U sech hätt d’Croisière eréischt de 5. Januar op de Kanareschen Inselen op een Enn goe sollen. Och d’Croisièresschëff “Mein Schiff 6" vun Tui Cruises huet seng Rees op Dubai mat 2.000 Passagéier u Bord wéinst vereenzelte Corona-Fäll misste pauséieren.

Schonn am Ufank vun der Pandemie am Joer 2020 waren eng Rei Leit op Croisièresschëffer vum Virus iwwerrascht ginn. Verschidden Hafen haten d’Schëffer ënner Quarantän net uleeë gelooss. Besonnesch vill Schlagzeilen huet d’Geschicht vun der “Diamond Princess” gemaach, déi mat engen 3.700 Passagéier virum Hafe vu Yokohama a Japan louch. Den 19. Februar war d’Schëff ënner Quarantän gesat ginn, an deenen zwee Méint duerno goufe 712 Passagéier positiv getest. Siwe Leit u Bord si gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO