Premier Lecornu annoncéiertCoursen a franséische Lycéeë falen Enn der Woch aus

RTL mat AFP
Um Dag vun de grousse Schülerprotester a Frankräich huet de Premier Sébastien Lecornu zesumme mam Educatiounsminister Geffray d'Suspensioun vun de Coursen Enn der Woch annoncéiert.
France's Economy, Finances and Industry Minister Roland Lescure (L), France's Prime Minister Sebastien Lecornu and France’s junior Minister for Public Accounts David Amiel leave after the weekly cabinet meeting (Conseil des ministres) during which the 2027 state draft budget (PLF) and social security financing bill (PLFSS) for 2027 were presented, at the Elysee Palace in Paris, on October 1, 2026. (Photo by Ludovic MARIN / AFP)
De franséische Premier Lecornu ass wéinst de grousse Schülerprotester ënner Drock.
© AFP

De franséische Premier Sébastein Lecornu huet en Dënschdegmëtteg annoncéiert, datt d'Coursen an de Lycéeën Enn der Woch ausfale wäerten, fir eng "Phas vun der interner Demokratie" mat de Schüler ze organiséieren, déi en Dënschdeg landeswäit protestéiert hunn.

"Den Educatiounsminister Edouard Geffray huet decidéiert, Zäit fräizemaachen. Vu muer de Moien un, vun en Donneschdeg un, vun e Freideg u gëllt eng vollstänneg Suspensioun vum Stonneplang, fir datt all Schoukdirektioun an all Schouldirekter Zäit fir intern demokratesch Prozesser bannent der Schoul huet", huet de Premier virun der Assemblée Nationale gesot.

Aneren Artikel zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO