"Acte III" a FrankräichDowéinst ruffen d'Schüler haut zu Protester op

Jeff Birsens
Zéngdausende Schüler ginn en Dënschdeg a ganz Frankräich op d'Stroossen. Fir den "Acte III" ruffe si och aner Secteuren dozou op, sech un der Mobiliséierung ze bedeelegen.
Bei de Protester setzt d'Police ëmmer nees Tréinegas, Waasserwerfer a weider Mesuren an. Dobäi gouf et bis elo schonn iwwer 200 blesséiert Schüler.
© Photo by KIRAN RIDLEY / AFP

Zanter Mëtt September protestéiere Schülerinnen a Schüler a ganz Frankräich, wouduerch bis elo op d'mannst 215 Jugendlecher souwéi 700 Autoritéiten a knapp honnert Mataarbechter aus dem Educatiounssecteur blesséiert goufen. En Dënschdeg gouf landeswäit fir de sougenannten "Acte III" opgeruff, op d'Stroossen ze goen. Ma wat fuerderen d'Schülerinnen a Schüler iwwerhaapt?

Wat ass den "Acte III"?

De sougenannten "Acte III" ass den Numm vum grousse Protest- a Mobiliséierungsdag, fir deen en Dënschdeg a ganz Frankräich opgeruff gouf. D'Protester hate Mëtt September 2026 am Groussraum Paräis ugefaangen a sech doropshin am ganze Land ausgebreet. Ausléiser war ënner anerem, datt landeswäit fir d'Rentrée dëst Joer 2.000 Proffeplazen net besat waren. D'Schüler fuerderen nieft enger Hausse vun der Unzuel u Proffen och méi kuerz Schouldeeg, manner Schüler an de Klassen, souwéi Klimaanlagen an Heizungen. De Frust ass virun allem a sozial benodeelegten Uertschafte grouss, well d'Schoulen do besonnesch schlecht ekipéiert sinn.

De Begrëff "Acte III" huet säin Ursprong bei de Protestbeweegunge vun de sougenannte "Gilets jaunes", déi den 1. Dezember 2018 zum sougenannten "Acte III de la mobilisation", quasi dem drëtte groussen Dag vun de Protester, opgeruff hunn. Sou wéi si klasséieren och d'Schülerinnen a Schüler hire Protest a verschidden Akten.

Wien ass un de Protester bedeelegt?

D'Schüler hu beim "Acte III" en Dënschdeg d'Ënnerstëtzung vun enger Gewerkschaftsvereenegung vum franséische Bildungswiesen (FSU, CGT, FO, CFDT, Unsa, Sud et Solidaires) krut, déi dozou opgeruff huet, zesumme mat hinnen en Dënschdeg zu Paräis, Lyon, Marseille a ronn 30 weidere Stied op d'Strooss ze goen.

"D'Aktivistinnen an Aktiviste vun der CGT (Confédération générale du travail) géifen op der Plaz sinn, fir d'Schülerinnen a Schüler ze schützen", sot hir Spriecherin Sophie Binet, wärend et bei de Blockade vu Lycéeën a Versammlungen schonn zu villen Ausernanersetzunge mat den Autoritéite komm ass.

D'Schüler, déi sech nieft de genannte Grënn och géint d'Ongläichheeten am Kader vu "Parcoursup", der offizieller Plattform fir sech fir d'Uni unzemellen, asetzen, kruten en Dënschdeg och d'Ënnerstëtzung vun de Studenten zougesot.

"Mir ruffen dozou op, all Bildungsariichtunge massiv ze blockéieren, fir d'Mobiliséierung weider auszebauen an en Zesummeschloss vu Lycéesschülerinnen, Lycéesschüler, Studenten a Studentinnen awer och vun Aarbechter an Aarbechterinnen souwéi anere Secteuren, déi ufänken, eis ze ënnerstëtzen", huet d'Eloïse Lefebvre Milon vun der "Union étudiante" erkläert, déi schonn e Méindeg ronn 30 Sitte gezielt hat, déi blockéiert goufen.

D'"Confédération paysanne", déi drëttgréisst, als lénks agestuuft, Landwirtschaftsgewerkschaft, huet och d'Baueren dozou opgeruff, hir "Roserei" ze "bëndelen" a sech mat hiren Trakteren der Mobiliséierung vun de Lycéesschüler unzeschléissen.

Des manifestants défilent en marge d'une action de blocage des lycéens à l'échelle nationale, à Marseille, dans les Bouches-du-Rhône, le 5 octobre 2026
Des manifestants défilent en marge d'une action de blocage des lycéens à l'échelle nationale, à Marseille, dans les Bouches-du-Rhône, le 5 octobre 2026
© AFP

Protester

Fir déi grouss Demonstratioun, déi en Dënschdeg zanter 14 Auer zu Paräis leeft, goufe ronn 2.000 Polizisten a Gendaarme mobiliséiert. Tëscht 20.000 a 40.000 Demonstrante ginn eleng hei erwaart. En Dënschdeg de Moie gouf et scho Meldunge vun Ausernanersetzunge bei Protester ënner anerem zu Lyon, wou d'Police och Tréinegas agesat huet. A ganz Frankräich goufe schonn zur Mëttesstonn ronn 86.000 Demonstrante gezielt. Op dësem Dënschdeg hunn 891 vun den am Ganzen 3.700 Lycéeën de Cours ganz oder deels ausfale gelooss, heescht et vum Educatiounsministère.

An de leschten Deeg a Wochen ass et ëmmer nees zu blesséierte Jugendleche komm. Dorënner beispillsweis ee 15 Joer ale Jong, deen zu Lens duerch eng Police-Granat seng Hand verluer huet, oder ee 16 Joer ale Schüler, deen zu Tours duerch en Haartgummigeschoss vun der Police op engem A blann ginn ass.

Zu Metz gouf d‘Inspection générale de la Police IGPN da wéinst dem Verdacht vun engem sexuellen Iwwergrëff op e jonkt Meedchen am Kader vun de Maniffe saiséiert. Op engem Video, deen op de soziale Reseaue publizéiert gouf, ass ze gesinn wéi e Polizist e jonkt Meedchen festhëlt a wou et esou ausgesäit, wéi wann hie mat den Hänn an dem Meedche seng Hoer an u seng Broscht paakt.

Bis elo goufen nieft den 215 Schülerinnen a Schüler offiziellen Donnéeën no méi wéi 700 Autoritéiten a knapp honnert Mataarbechter vum Bildungswiese blesséiert. En Enn vun de Protester ass aktuell nach net ofzegesinn.

Auswierkungen op d'Walen?

E bësse méi wéi sechs Méint virun de Presidentiellen, bei deenen e puer vun de mobiliséierte Schüler eng éischte Kéier wiele wäerten, geschitt dës Mobiliséierung an engem besonnesch ugespaante politeschen a soziale Klima, virum Hannergrond vu steigende Präisser an der Sich no Budgetskierzungen, vun deenen der e puer och jonk Mënsche concernéieren, wéi beispillsweis bei Wunnengshëllefen.

Et gëtt eng "Generatioun, déi dat Gefill huet, bei der Ausaarbechtung vun Entschiedegungen, déi si direkt betreffen, net genuch consideréiert ze ginn", huet e Méindeg den Edouard Geffray erkläert, dee sech als Bildungsminister bis elo éischter zréckgehalen huet an deen elo un der Front steet, fir d'Feier sou gutt et geet anzedämmen.

An deene leschte Sondagen Enn September louch d'Marine Le Pen vum Rassemblement National un der Spëtzt, dat virum Jean-Luc Mélenchon vun der lénker Partei La France insoumise (LFI).

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO