
An der ofgelauschterter Funk-Kommunikatioun wieren d’Morden un den Zivilisten zu Butscha beschwat ginn. Eenzel Funkspréch solle souguer fotographéierte Läiche kënnen zougeuerdent ginn. Dem “Spiegel” no hätt de BND en Donneschdeg schonn déi zoustänneg parlamentaresch Institutiounen zu Berlin informéiert.
D’Opname vum BND kéimen zur Conclusioun, dass et sech bei den Dote weder ëm Zoufallsdoten handelt, nach ëm Aktioune vun eenzelen Zaldoten, déi aus dem Rudder gelaf sinn. Villméi géif d’Material beleeën, dass d’Morden un den Ziviliste fir d’russescht Militär en Deel vun enger üblecher Handlung ginn ass, méiglecherweis souguer en Deel vun enger Strategie. Et géif drëm goen, Angscht a Schrecken ënnert der Zivilbevëlkerung ze verbreeden an esou de Widderstand z’erstécken.
Zu Butscha goufen nom Réckzuch vum russesche Militär e Massegraf an iwwer 300 Läichen entdeckt, vill vun hinnen op oppener Strooss leie gelooss a mat gefesselten Hänn um Réck. Déi russesch Regierung dementéiert vehement, dass hir Arméi fir dës Krichsverbrieche responsabel ass. Moskau schwätzt vu gefälschte Fotoen a Videoen. Déi geheim Opname vum BND kéinten d’Dementien aus Moskau elo entkräften.
Am Eenzele sollen zu de BND-Erkenntnisser och Funkspréch gehéieren, déi genee zu deene Plaze passen, wou verschidde Läiche fonnt goufen. An engem Funksproch soll een Zaldot engem anere gesot hunn, dass hien a säi Kolleeg eng Persoun vun hirem Vëlo geschoss hätt. D’Bild mat der Läich mam Vëlo ass ronderëm d’Welt gaangen.
D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert
Ukrain-Krich: No Massaker vu Butscha, EU wëll russesch Truppe viru Geriicht bréngen
Ukrain-Krich: “Butscha ass keen Eenzelfall”, warnt de President Selenskyj
Korrespondent Philip Crowther: aus Lwiw Angscht viru weideren Atrocitéiten wéi zu Butscha geet ëm