Korrespondent Philip Crowther aus LwiwAngscht viru weideren Atrocitéiten wéi zu Butscha geet ëm

RTL Lëtzebuerg
Wéi ass d'Stëmmung an der Populatioun no de schreckleche Biller aus Butscha? Eise Korrespondent Philip Crowther gëtt seng Andréck aus der Ukrain.
Korrespondenz vum Philip Crowther aus Liwiw (Ukrain)
D’Bevëlkerung an der Ukrain huet d’Angscht, datt d’Atrocitéite vu Butscha sech och an anere Stied an Dierfer widderhuele kéinten, esou de Philip Crowther.

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf et zu Lwiw am Weste vun der Ukrain op en Neits Explosiounen. No 42 Deeg Krich hätt ee mat Schrecken op d’Biller aus Butscha reagéiert, esou de Philip Crowther aus der westukrainescher Stad.

D’Angscht géing an der ganzer Ukrain wuessen, datt weider Atrocitéite kéinten un d’Dagesliicht kommen, elo wou déi ukrainesch Truppen u Buedem gewannen an a Gebitter anzéien, déi viru kuerzem nach a russescher Hand waren. Virun allem d’Lag an der südëstlecher Stad Mariupol géing de Leit an der Ukrain grouss Suerge bereeden.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO