Mat der Réckeruewerung vun der Regioun ronderëm Kiew huet sech déi ukrainesch Arméi no wochelaange Kämpf dramatesch Situatiounen do festgestallt. Am Viruert Butscha louchen d’Stroosse voll mat Läichen. AFP-Journalisten hunn an enger eenzeger Strooss op d’mannst 20 Läiche leie gesinn. Si waren zivil gekleet.
“Si waren net beim Militär, si hate keng Waffen, si hu keng Menace duergestallt”, sou den ukrainesche Presidenteberoder Mychajlo Podoljak. Op enger Foto, déi hien op Twitter gedeelt huet, gesäit ee Männer, déi erschoss goufen. Hir Hänn hannen um Réck zesummegestréckt.
D’Echtheet vun dëse Biller konnt nach net onofhängeg iwwerpréift ginn. Och aner Berichter vun ukrainesche Medien iwwer d’Grausamkeeten konnten net onofhängeg confirméiert ginn.
Den ukrainesche Parquet huet iwwerdeems de Sonndeg den Owend vu 410 Läiche geschwat, déi an den Uertschafte ronderëm Kiew fonnt goufen.

Och d’Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch huet eng ganz Rei Krichsverbriechen un Zivilisten dokumentéiert. Dat net just zu Butscha, ma och an de Regiounen Charkiv an Tschernihiw. Dorënner widderhuelt Vergewaltegungen an Exekutiounen. Donieft géinge russesch Zaldoten d’Haiser vun den Zivilisten eidel raumen an alles klauen, wat se fannen. Et wieren onsäglech bewosst Akte vu Grausamkeet a Gewalt, sou heescht et vun der Organisatioun.
De Buergermeeschter vun Kiew Vitali Klitschko an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj schwätze vu Vëlkermord an den ukraineschen Ausseminister reprochéiert Russland Krichsverbriechen. D’Massaker zu Butscha wier gewollt gewiescht. Et hätt een souvill Ukrainer wëllen ëmbrénge wéi méiglech. Dofir fuerdert den Ausseminister nei Sanktioune vun de G7-Staaten, dorënner een direkten Embargo op Pëtrol-, Kuel- a Gas-Importer aus Russland.
Moskau nennt dës Reprochë vun engem Massaker mëttlerweil eng Provokatioun an dementéiert de Massemord un Zivilisten an der Stad Butscha.
Butscha wier massiv duerch déi russesch Arméi verwüüst ginn. Wunnhaiser wieren duerch Granate beschiedegt, iwwerall an de Stroosse zerstéiert Autoen.
Dem Buergermeeschter vu Butscha no hu wärend der russescher Besatzung 280 Mënschen a Massegriewer misse begruewe ginn, well een net op d’Kierfechter koum.
D’EU huet antëscht annoncéiert, d’Enquête ëm déi grujeleg Dote vun der russescher Arméi an de Viruerter vu Kiew z’ënnerstëtzen. De Chef vum EU-Rot Charles Michel schreift op Twitter, hie wier schockéiert iwwert d’Dote vu russeschen Truppe ronderëm d’ukrainesch Haaptstad. Hien huet vu Grausamkeeten a vu Massaker geschwat. D’EU géing der Ukrain an den ONGen op der Plaz hëllefen, d’Beweiser ze sammele fir d’international Geriichter, esou de Charles Michel. Hien huet weider EU-Sanktiounen an Hëllefe versprach.
Déi brittesch Ausseministesch Liz Truss fuerdert iwwerdeems eng Enquête wéinst Krichsverbrieche wéinst deem, wat ronderëm Kiew, notamment zu Irpin a Butscha geschitt ass.
D’EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen weist sech no der Decouverte vun de villen doudegen Zivilisten an der Regioun ronderëm Kiew entsat. “Eng onofhängeg Enquête wier dréngend néideg”, heescht et op Twitter. Gläichzäiteg verséchert si, dass déi Responsabel wéinst Krichsverbriechen zur Rechenschaft gezu ginn. Och den däitsche Kanzler Scholz an den NATO-Generalsekretär Stoltenberg fuerderen eng séier Opklärung. De Jens Stoltenberg präziséiert allerdéngs, dat, wat ee géing gesinn, wier kee Réckzuch vun de russeschen Truppen, mee eng nei Positionéierung.