
A Frankräich sinn an de leschte 24 Stonne ronn 700 Persoune mam oder um Coronavirus gestuerwen. Domat klëmmt d’Zuel vun Doudesaffer op 80.000. Ronn 19.000 Neiinfektioune goufen donieft registréiert. D’franséischt Parlament huet en Dënschdeg dann och gréng Luucht ginn, fir de sanitären Noutstand bis den 1. Juni ze verlängeren, allerdéngs just mat de Stëmme vun der Majoritéit. A Frankräich gëllt nach ëmmer ënnert anerem de Couvre-feu vun 18 Auer un.
Och an der Belsch ass nach keng Besserung a Siicht. Iwwert déi lescht Woch gekuckt hunn an der Moyenne 124 Persoune misse wéinst Covid-19 hospitaliséiert ginn. Wat eng Hausse vu 6 Prozent par Rapport zu Woch virdrun ass. Aktuell si bei eise belsche Nopere ronn 1.700 Mënschen am Spidol, dovunner 308 op der Intensivstatioun. Zanter dem Ufank vun der Pandemie sinn iwwer 21.400 Persoune gestuerwen. D’Zuel vun den Neiinfektiounen ass liicht zréckgaangen, läit awer nach ëmmer bei ronn 2.200 pro Dag.
An Däitschland da goufen dem Robert Koch-Institut no an de leschte 24 Stonnen iwwer 8.000 Neiinfektioune registréiert an 813 weider Doudesfäll. Domat sinn d’Zuelen par Rapport zu der Woch virdrun zwar gefall, mä en Deconfinement ass net a Siicht. E Mëttwoch am Nomëtteg ass en Treffen tëscht der Bundeskanzlerin Angela Merkel an de Ministerpresidente vun den däitsche Länner. De Lockdown soll bis de 14. Mäerz verlängert ginn, dat geet op d’mannst aus engem Entworf fir d’Videokonferenz ervir. Wéinst de Mutatioune vum Virus misst een weider virsiichteg sinn. Dofir missten d’Butteker, d’Restauranten a Caféen weider zoubleiwen an d’Kontakter weider limitéiert ginn. En zentraalt Thema wäerten donieft d’Schoulen an d’Crèchen sinn an d’Fro, ob dës erëm kënnen opgemaach ginn.
