Membere rolze gelooss, wärend Kleeder gebrannt hunnOhio State University suspendéiert Studentencercel no Skandal-Video

AFP, iwwersat vun RTL
D'Ohio State University huet e Cercle suspendéiert, deen zwee jonk Männer matenee rolze gelooss huet, wärend hir Kleeder a Flame stoungen.
De Campus vun der Ohio State University.
De Campus vun der Ohio State University.
© MEGAN JELINGER/AFP

Et ass op en Neits e Virfall bannent engem US-amerikanesche Studentencercel, dee fir Diskussioune gesuergt: Op engem Video, deen an de soziale Reseauen zirkuléiert, ass ze gesinn, wéi zwee Männer um Buedem matenee rolzen, wärend hir Kleeder brennen. Ronderëm si steet e Grupp Männer, dee filmt an dobäi laacht.

"D'Universitéit ass sech dësem besuergneserreegende Virfall bewosst, an déi betraffe Persoune kréien déi noutwenneg medezinesch Versuergung", esou de Spriecher vun der Uni Ben Johnson. "D'Ohio State University huet de Studentencercel Sigma Alpha Epsilon bis zum Ofschloss vun enger ëmfaassender Enquête virleefeg suspendéiert". Och d'Police vun der Stad Columbus huet en Dënschdeg annoncéiert, datt een an dësem Dossier ermëttele géing.

Op Onlinesitte gouf de Video schonn iwwer 1,5 Millioune Mol gekuckt. Op senger Website gëtt de concernéierte Cercle un, zanter senger Grënnung 1856 "Männer zu Féierungsperséinlechkeete geformt" ze hunn.

Et ass den zweete Skandal ronderëm e Studentencercel an den USA bannent nëmmen e puer Méint: Eng fréier Studentin vun der Cornell-Universitéit hat erkläert, am Oktober 2024 vu Membere vun engem Cercle zum Konsum vu Ketamin gedrängt ginn an duerno vu 7 Membere mëssbraucht a vergewaltegt ginn ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO