E Mann hat hei géint 10.45 Auer bei enger Primärschoul mat enger Waff an d’Loft geschoss. Duerno hat hie sech a senger Wunneng verschanzt. Déi 140 Schüler am Alter tëscht 6 an 12 Joer goufe bannent der Schoul a Sécherheet bruecht.

Et gouf e Sécherheetsperimeter ëm d’Schoul gezunn a géint 13.45 Auer ass eng Spezialunitéit vun der Gendarmerie vu Reims op der Plaz ukomm. Et war och en Negociateur vun der Gendarmerie op der Plaz. Wéi de Républicain Lorrain schreift, hätt de Mann de Beamte géint 14.15 Auer d’Dier vu senger Wunneng opgemaach.
RTL-Informatiounen no wier de Mann mam Samu an d’Spidol transportéiert ginn. Genee Informatiounen iwwert säi gesondheetlechen Zoustand ginn et den Ament nach net.
D’Schüler géife psychologesch betreit ginn.