No Thematiséierung an der Sendung "Aktenzeichen XY"De Parquet vu Rostock huet e Mandat d'arrêt géint eng weiblech Persoun erlooss

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegmoie goufen nei Perquisitiounen am Fall vum aacht Joer ale Fabian aus Güstrow, deem seng Läich Mëtt Oktober fonnt gouf, lancéiert.
© PHILIP DULIAN / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Kuerz no 16.10 Auer en Donneschdegnomëtteg huet de Procureur vum Parquet vu Rostock, den Harald Nowack da matgedeelt, dass een en an der Affär eng Fra festgeholl hätt. Si wier verdächteg, de Jong ëmbruecht ze hunn.

Am Virfeld vun de Perquisitioune war de Fall vum aacht Joer Joer ale Jong vu Güstrow, deen den 10. Oktober zu verschwonne war a véier Deeg drop dout bei engem Dëmpel fonnt gouf, e Mëttwochowend an der Sendung “Aktenzeichen XY” um däitschen ZDF thematiséiert ginn.

Nodeems d’Emissioun diffuséiert gouf, hätt een der Police no 23 nei Informatiounen aus der Bevëlkerung kritt. Op Basis vun dëse wieren zanter en Donneschdegmoien nei Perquisitioune amgaangen. Dat zu Reimershagen an zu Rum Kogel am Landkreis Rostock. Eng 120 Beamte wieren am Asaz, sou eng Spriecherin vun der Police.

Wéi d’Enquêteuren an der Emissioun erkläert hunn, géife si dovun ausgoen, dass de Jong schonn um Dag vu sengem Verschwannen ëmbruecht gi wier. Si ginn dovun aus, dass dat tëscht 11 Auer moies a 15 Auer mëttes passéiert wier. Kuerz virun der Emissioun hate si matgedeelt, si dovu géifen ausgoen, dass versicht gi wier, d’Läich vum Jong ze verbrennen, fir Spueren ze verwëschen. An der Emissioun goufen dann och Fotoe vun der Plaz gewisen, op där d’Läich fonnt gouf. Op dëse waren och d’Reschter vun engem Feier ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO