SyrienDe Steve Duarte nach ëmmer am Prisong, Fra an zwee Kanner zu al-Hasaka

Petz Bartz
De Steve Duarte lieft a sëtzt nach ëmmer an engem kurdesche Prisong zu al-Hasaka.
Suivi Steve Duarte
De Mann aus Lëtzebuerg, deen sech dem IS ugeschloss hat, sëtzt nach ëmmer am Prisong a seng Fra a Kanner an engem Camp a Syrien.

Seng Fra an di zwee Kanner vun dräi a véier Joer goufen no enger versichter Flucht nees gefaangen a sinn och elo zu al-Hasaka an engem Camp. “Vu Meespelt an den Dschihad” war den Titel vun engem gréissere RTL-Reportage am Hierscht 2019, wou de Petz Bartz a Syrien war an en Interview mam presuméierten Dschihadist vu Meespelt , Steve Duarte gefouert huet. Deen ëmmer dementéiert huet, een Deel vum islamesche Staat gewiescht ze sinn.

Famill zu al-Hasaka

De Steve Duarte, deen zu Lëtzebuerg op d‘Welt koum, ass Enn 2014 iwwert d‘Tierkei a Syrien gaangen.

Am Mäerz 2019 gouf hien zu Baghouz vun de Kurde festgeholl. Seng Fra Fatoumata Diallo an déi 2 Kanner vun 3 a 4 Joer sinn an engem Lager bei al-Hasaka. De Steve Duarte ass do am Prisong.

D‘Famill ass méi no beieneen, wéi se selwer wëssen. Souwuel de Steve Duarte, wei och d’Fra mat de Kanner wëllen nees zréck an Europa.

Aktuell politesch Situatioun

De Nordoste vu Syrien ass weiderhi politesch a virun allem och militäresch e Polverfaass. D’Tierkei huet gréisstendeels d’Kontroll iwwert eng sougenannt Sécherheetssträif laanscht d’Grenz iwwerholl, mat där probéiert gouf, d’Kurden zréckzedrécken. Aktiv ënnerstëtzt Ankara islamistesch Gruppen, déi Drock maachen op de syresche Militär vum al-Assad am rouden Deel an awer virun allem op d’Kurden am gielen Deel. Islamiste spille fir Ankara d’Roll, de Feind ze destabiliséieren.

D’Grenz zum Irak ass porös, virun allem fir d’Dschihadisten. De Militär am Irak huet an de leschte Wochen international Ënnerstëtzung ugefrot am Kampf géint en IS, deen Zoulaf huet an der Regioun. Och schiitesch Milizen aus dem Iran sinn am Nordweste vum Irak am Asaz, fir den IS an der Gitt ze halen.

Back to Top
CIM LOGO