
Wei ass d’Stëmmung an den USA am Virfeld vun de Walen? Eis Journalistin Annick Goerens ass mëttlerweil schonns zanter 10 Deeg fir eis an de Vereenegte Staaten. Mëttlerweil ass si zu Las Vegas ukomm, am Bundesstaat Nevada.
“Ech war jo déi lescht 10 Deeg virop a Kalifornien ënnerwee. Do kënnt jo d’Kamala Harris hier a Kalifornien ass jo zanter den 90er Joren een déifbloen demokratesche Staat. Ech konzentréiere mech allerdéngs elo bis d’Walen op déi südwestlech Swing States Nevada an Arizona. Fir d’Walen de 5. November sinn ech dann am Zentrum vum politesche Geschéien, zu Washington DC.”
An den USA ginn et Staaten, déi wielen ëmmer d’nämmlecht. Zum Beispill Kalifornien oder Washington DC sinn demokratesch an Texas oder Kansas si republikanesch. Et ginn dann awer och e puer Staaten, déi wielen historesch gekuckt ëmmer anescht. Dat heescht grad do hunn d’Presidentschaftskandidate mat hire Campagnen am meeschte Chancen, fir nach ze gewannen. Dofir sinn déi Swing States esou ëmkämpft a ginn dofir och nach “battleground states” genannt. D’Kamala Harris an den Donald Trump wäerten och grad déi lescht Woch virun de Walen elo nach an all deene Staaten optrieden. Dat sinn, nieft Nevada an Arizona, nach Georgia, Pennsylvania, Wisconsin, Michigan an North Carolina.
“Dat kënnt wierklech drop un, wien s de frees a wou s de bass. Ech war jo virop a Kalifornien. Do sinn d’Leit immens progressiv a liberal agestallt an do ass d’Stëmmung, wann iwwer Politik geschwat gëtt, och éischter besuergt, bis esouguer ganz besuergt. Déi meescht hu jo scho 4 Joer Trump matgemaach a wëllen dat net nach eemol erliewen. Deemools hätt den Trump scho vill Schued ugeriicht an et wéilt een net wëssen, wat him elo nach alles géing an de Kapp kommen. Zum Beispill Punkto Aussepolitik. Grad déi ugespaanten international Lag mat Kricher am Noen Osten an an der Ukrain an dem Trump seng Iwwerzeegunge Punkto Klimawandel mécht grad de progressive Kalifornier natierlech immens Suergen.
Wann s de da bëssi aus de kalifornesche Groussstied wéi San Francisco an LA fort bass, a Richtung Nevada kënns an och emol méi dacks Trump-Wieler héiers, déi soen, dass alles medial héich gespillt ass.
Wat d’Polariséierung ugeet, muss een, mengen ech nach eemol betounten, dass et an den USA just zwou Parteie gëtt, déi ëm d’Muecht kämpfen. Et gëtt Anerer, mee déi hu keng Chance a sinn och guer net Deel vum politeschen Debat. Dat heescht, du bass entweder fir déi eng oder fir déi aner. Par définition ass dëst Land also an zwee gespléckt: Demokraten oder Republikaner. Et kann een net anescht soen. Dat suergt effektiv fir esou eng polariséiert Stëmmung.
Wann een d’Sondagen hei kuckt, ganz kloer. Trump an Harris leie Kapp u Kapp a grad hei am Nevada spiert ee wierklech grad, dass de Walkampf amgaangen ass. Am Land vun den risege Billboards, also de Publicitéiten op grousse Panneauen, gesäit ee vill politesch Messagen. Et gëtt grad och versicht, nach déi Leit z’iwwerzeegen, déi net wëssen, wéi se en Dënschdeg an enger Woch solle wielen. Vill Leit wëllen net onbedéngt den Donald Trump wielen, mee wëllen och nach eemol 4 Joer Biden. An dat ass dat, wat den Trump awer seet. Wann der d’Kamala wielt, kritt der dat selwecht an et wäert iech weider schlecht goen an dat ass natierlech een Argument, wat extrem an d’Gewiicht schléit.
US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (1): D’Jill Kries erkläert eis wéi de Sunshine State politesch tickt US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (2): Wat läit den Amerikaner uewen a wéi gesi si sech selwer? US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (3): Firwat ass Kalifornien een demokratesche Staat? US-Walen: 2. Etapp: Kalifornien – Los Angeles: Déi meescht Republikaner sinn net extrem – och wa se Trump wielen