"Et ass eng ganz aner Liewensrealitéit"De Yannick Kayser huet d'Situatioun vun de Mënscherechter a Kolumbien dokumentéiert

Cédric Ferry
Kolumbien ass nom rezenten Äerdbiewen an de Fokus geréckt. Ma och soss wier d'Land mat Erausfuerderunge konfrontéiert. Trotzdeem wieren d'Bewunner enorm gaaschtfrëndlech.
Da Yannick Kayser a Kolumbien
Da Yannick Kayser a Kolumbien
© lokaphotography

Rezent gouf et a Kolumbien en uergt Äerdbiewe mat iwwer 200 Doudesaffer. Déi humanitär Situatioun am Land ass doduerch kuerzzäiteg verstäerkt an de Fokus vun der internationaler Ëffentlechkeet geréckt. Ma och soss wier et e Land, dat mat Erausfuerderungen ze kämpfen huet, erkläert de Yannick Kayser, dee schonn zwee Mol am Land war an do fir d'Solidarititsnetzwierk REDHER d'Situatioun vun de Mënscherechter dokumentéiert huet. Et wier awer och e Land, an deem een aner Perspektiven op grouss Probleemer vum 21. Joerhonnert kréich an a Kontakt mat anere Modeller, fir ze wirtschaften an ze liewe kéim, wéi et se hei an Europa gëtt.

Nom Äerdbiewen ass nach villes onkloer

Hien hätt elo rezent nom Äerdbiewen nach Kontakt mat Leit a Kolumbien gehat, erkläert de Yannick Kayser am Interview. Gottseidank wier kengem vun hinnen eppes passéiert. D'Regiounen, an deenen hie war, wieren awer och net esou staark vum Biewe betraff gewiescht ewéi aner Plazen. D'Leit géife sech awer am ganze Land betraff vun der Situatioun weisen an d'Organisatioun vun Hëllefsmëttel wier scho voll amgaangen. Et wier eng Situatioun, déi dat ganzt Land beweegt. Aktuell wier nach villes onkloer, och well d'Kommunikatioun a verschiddene Regiounen nach net richteg funktionéiert.

Nei Perspektiven op den Ëmgang mat globalen Erausfuerderungen

Fir d'lescht war de Yannick eppes iwwer fënnef Méint a Kolumbien, zanter Juni ass hien elo nees zu Lëtzebuerg. Säin Erliefnes op der Plaz beschreift hien als eng aner Liewensrealitéit, déi engem nei Perspektiven op grouss Erausfuerderungen, wéi zum Beispill dem Klimawandel, an dem Ëmgang mat dësen erméigleche géif:

"Grad duerch déi Organisatioun an duerch déi Kontakter hat ech d'Chance, ganz aner Perspektiven och op d'Leit an d'Land kennenzeléieren, an zwar insbesonnesch – jo – et sinn aner Perspektiven, déi fir mech ganz nei waren iwwert d'Liewen, awer och iergendwéi e bëssen iwwert déi Problemer, déi mir am 21. Joerhonnert – dat sinn all déi gemeinsam Problemer op der Welt – déi sinn do och. An do sinn aner Perspektiven drop. Dat war fir mech immens spannend. Insbesonnesch vill vun esou Baueregemeinschaften, déi ech kennegeléiert hunn, déi quasi direkt do d'Konsequenze vum Klimawandel schonn iergendwéi vill méi erfuere wéi mir elo."

Am Kontext vum Klimawandel wier et dem Yannick no immens interessant gewiescht, ze gesinn, wéi dës Baueregemeinschaften eng nohalteg an ekologesch Landwirtschaft opgebaut hunn. Ma och op engem perséinlechen Niveau wier et eng flott Erfarung gewiescht. D'Leit a Kolumbien wieren immens gaaschtfrëndlech:

"Et gëtt en ëmmer agelueden, fir iergendwéi z'iessen oder fir bei engem Café iwwert d'Liewen ze schwätzen. Dat heescht, ech hunn d'Gefill gehat, ech wär ganz positiv, ganz frëndlech opgeholl ginn an ech hat eng ganz spannend an eng ganz schéin Erfarung dohannen."

Ëffentlechkeet hierstellen, fir d'Affer vu Mënscherechtsverletzungen ze schützen

D'Situatioun vun de Baueren hätt och a senger Aarbecht fir REDHER eng wichteg Roll gespillt. Fir dat ze realiséieren, misst een dem Yannick no verstoen, dass Kolumbien e Land ass, dat vill Mënscherechtskonventiounen ënnerschriwwen huet, an deem et awer historesch en interne Konflikt gëtt, an deem et dacks zu Verletzunge vun de Mënscherechter kënnt. D'Auteure vun dëse Verletzunge wieren dacks paramilitäresch Gruppen, déi aus engem ekonomeschen Interessi eraus handelen.

Eng Gruppéierung, déi Affer vun esou Mënscherechtsverletzunge gëtt, wieren zu Beispill Baueregemeinschaften. Esou eng Gemeinschaft huet de Yannick fir seng Aarbecht fir d'Organisatioun REDHER am Departement Cesar begleet. An dësem Departement an der Mëtt vu Kolumbien ginn et Feuchtgebidder, déi eng Kéier pro Joer iwwerschwemmen. Wann d'Waasser sech dann zeréckgezunn huet, bleift do en immens fruchtbare Buedem zeréck. D'Baueren hu sech hei organiséiert, fir d'Land op eng gemeinschaftlech nohalteg Manéier ze bewirtschaften:

"Eng 150 Famillen hu sech do organiséiert an hu quasi d'Land, wat se sech opgedeelt hunn. Do huet all Famill ongeféier zéng Hektar, déi si fir sech selwer a fir d'Gemeinschaft dann d'Land bestellen. An dat ass anescht ,wéi ee sech elo d'Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg virstellt. Dat sinn da wierklech, do ginn et keng Trakteren, ganz manuell gëtt déi Aarbecht gemaach. An och wou déi Communautéit sech da gemeinschaftlech an demokratesch haut d'Reegelen opgeluecht huet, wéi se nohalteg dat Land bestelle kënnen."

Wann een d'Situatioun vun dëse Baueren dokumentéiert, géif een deelweis eng oder zwou Woche mat hinne liewen a si an dëser Zäit och richteg gutt kenneléieren. Et kréich een en zimmlech déiwe Bléck an hiert Alldagsliewen, awer och an d'Schwieregkeeten, déi d'Communautéit erlieft:

"Grad well dat Land esou fruchtbar ass, ginn et do och vill ekonomesch Interêten, do ginn et da vill Monokulture vun Uelegpalmen zum Beispill oder Büffelzucht. déi natierlech immens schiedlech si fir d'Ëmwelt. An historesch sinn déi ländlech Géigenden a Kolumbien immens vun héijer Aarmut betraff, och vun enger Vernoléissegung duerch de Staat an duerch vu paramilitäresch Gewalt. Dat heescht, oft ginn d'Leit oder déi Baueren, déi do e Liewen, laang op hirem Land gewunnt hunn, dann duerch d'Gewalt verdriwwen, fir do iergendwellech Monokulturplantagen unzebauen. An déi Verdrängung, jo, déi geschitt mat Gewalt. Oft ginn haut déi Representante vun deene Communautéiten oder Klimaaktiviste Ziler vun där paramilitärescher Gewalt."

De Yannick Kayser erkläert d'Aarbecht, déi hien a Kolumbien gemaach huet
A engem Fall goung et ëm d'Situatioun vu Baueren, déi sech organiséiert hunn, fir autonom Land ze bewirtschaften.

Grad do géif d'Aarbecht vu REDHER usetzen. Et géing drëm d'Communautéiten ze begleeden an eng Dokumentatioun vun de Mënscherechtsverletzungen ze maachen, zu deenen et am Kader vun de Verdreiwunge kënnt. Ebe grad, well Kolumbien als Land esouvill Mënscherechtskonventiounen ënnerschriwwen huet, wier et wichteg an effektiv d'Mënscherechtsverletzungen, zu deenen et an deene Gebidder kënnt, ëffentlech ze maachen. Doduerch, dass een engem globale Public d'Mënscherechtssituatioun vun de Bauere géif virun Ae féieren, géif een en ëffentlechen Drock opbauen, fir dass dës Leit besser geschützt ginn. Et wier awer och wichteg, d'Erfolleger ze weisen, déi dës Organisatiounen op der Plaz erreecht hunn, konkret wier dat d'Erreeche vun enger Liewensmëttelsouveränitéit duerch ökologesch an nohalteg Landwirtschaft.

"An do ass d'Zil vun der Aarbecht, dat ze dokumentéieren, dat ze begleeden, deene Leit och eng Stëmm ze ginn, deenen een internationale Public ze ginn, well dat si schützt an op där anerer Säit och fir déi Projeten, an dat wat si opbauen un nohaltegen, ökologeschen a soziale Projeten, fir dass dat och eng Bün kritt. Well menger Meenung no ass dat derwäert, dass d'Mënschen dovun eppes matkréien an och déi Leit dohannen ze schützen", bréngt de Yannick et op de Punkt.

D'Aarbecht geet och zu Lëtzebuerg weider

Sollt d'Méiglechkeet sech bidden, géif de Yannick och gär eng drëtte Kéier a Kolumbien zeréckgoen. An Tëschenzäit géif d'Aarbecht awer och hei an Europa an zu Lëtzebuerg weidergoen. Grad well et wichteg wier, de Stëmmen, déi een a Kolumbien héieren huet, och hei eng Bün ze ginn. Grad nom Äerdbiewe wier et elo wichteg, och vu Lëtzebuerg aus Solidaritéitsaarbecht ze organiséieren.

D'Erfarungen, déi hien a Kolumbien gemaach huet, wieren awer och global relevant: "wat d'Liewensmëttelsouveränitéit ugeet, wat d'Resilienz par rapport zum Klimawandel ugeet, dat sinn Theemen, déi eis och tëschent de Vëlker méi no beienee brénge kënnen."

Back to Top
CIM LOGO