
Nodeems tëscht Donneschdeg a Freideg Zéngdausende Migranten an der spuenescher Exklav Ceuta an Nordafrika ukomm sinn, ass an der EU eng Debatt iwwer Migratioun a Grenzkontrolle lassgestrëppelt ginn.
Frankräich huet decidéiert, Grenzkontrolle mat Spuenien ze maachen. De franséischen Inneminister Laurent Nuñez huet och ugekënnegt, datt zousätzlech Zaldoten a Polizisten op d'Grenz geschéckt ginn. Och mat Dronen a Loftiwwerwaachung soll d'Situatioun suivéiert ginn.
Iwwerdeems huet och Italien decidéiert, Spuenien fir ee Mount aus dem Schengen-Ofkommes auszeschléissen, fir déi italieenesch Biergerinnen a Bierger ze schützen, esou déi italieenesch Regierung. Well Spuenien an Italien keng Landesgrenzen hunn, betreffen d'Kontrolle virun allem Leit, déi mam Fliger oder Schëff reesen.
Den däitschen Innenminister Alexander Dobrindt huet Spuenien opgefuerdert, dofir ze suergen, "datt den europäesche Baussegrenzschutz assuréiert ass." Den US-President Donald Trump huet och reagéiert a sot, déi "schrecklech" Biller wieren eng Warnung fir d'USA virun de Kongresswalen.
De spuenesche Premier Pedro Sánchez huet op dës Nouvellen dann och scho reagéiert: Vun him war et den Appell, fir sech un déi europäesch Verträg ze halen. Hien huet e Samschdeg dann och eng Sonnersëtzung vun den EU-Ministere gefuerdert. An engem Bréif un d'Spëtzten vun den EU-Institutiounen huet de Sánchez d'Haltung vun de Memberlänner kritiséiert, déi duerch "Virurteeler, Falschinformatiounen, Onwëssenheet oder politesch Interesse" motivéiert wier.
Wéi de President vu Ceuta Juan Jesús Vivas matgedeelt huet, sinn an de leschten Deeg eng 60.000 Mënschen an déi spuenesch Exklav komm, déi eng Landesgrenz mat Marokko huet. Op d'mannst 34 Migrante sinn ëm d'Liewe komm. Et ass déi gréissten Unzuel u Migranten, déi zanter 2021 a Ceuta komm sinn. A Ceuta liewen eng 87.000 Leit.
Bis um fréie Freidegowend sinn iwwer 48.000 Migranten zeréck a Marokko gaangen, wéi de spueneschen Inneministère matgedeelt huet. Engem EU-Beamten no ass bis ewell kee vun de Migranten um Buedem vum europäesche Kontinent ukomm.
Journaliste vun der Noriichtenagence AFP haten Honnerte Mënschen dobäi observéiert, wéi se ëm eng Grenzbarriär mat Marokko ronderëmgeschwomme sinn, fir a Ceuta ze kommen. Eng Rei vun hinnen hu gesot, si hätten héieren, "d'Grenz wier opgemaach ginn."
De spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez huet d'Entwécklungen als een "Ugrëff" op dat spuenescht Staatsgebitt gewäert. An engem Besuch vun der Exklav huet hie vu Gerüchter geschwat, déi vun der "Schleusermafia" no engem Geriichtsurteel a Spuenien zur Awanderung verbreet gi wieren. De Sanchez huet sech domat op een Urteel vum Ieweschte Geriichtshaff vun Ufank dës Mounts bezunn, wouno Migranten, déi illegal iwwer d'Grenz kommen, net direkt zeréckgeschéckt musse ginn, wa se iwwert de Séiwee kommen.
D'spuenesch Regierung huet dem Inneministère no Zaldoten an d'Exklav geschéckt, fir "d'Sécherheet oprecht ze erhalen". Déi marokkanesch Autoritéiten hu sech bis ewell net ëffentlech geäussert. De spueneschen Inneminister Fernando Grande-Marlaska huet d'Zesummenaarbecht mat de marokkaneschen Autoritéiten allerdéngs als "virbildlech" bezeechent.
Ceuta ass just gutt 18 Quadratkilometer grouss. Et huet mat der spuenescher Exklav Melilla déi eenzeg Landesgrenze vun der EU mat Afrika. D'Gebitter ginn dowéinst ëmmer nees vu Leit an d'Viséier geholl, déi sech an Europa ee bessert Liewen erhoffen.