Limitéierten Atomstroum wärend dréchene Summeren?Extreem Dréchent bréngt EU-Land Ungarn an eng Energiekris

Tim Morizet
Déi extrem Dréchent bréngt Ungarn an eng Energiekris. Well an der Donau net méi genuch Waasser ass, huet dat wichtegst Atomkraaftwierk am Land missten zeréckfueren.
The dried-up Danube riverbed is pictured with the Paks power plant at the background, near Dunaszentbenedek, close to Paks town on July 31, 2026.
De Peegel vun der Donau ass wéinst der extreemer Dréchent vill zréckgaangen.
© AFP

D'Europäesch Kommissioun iwwerleet, eng Noutsëtzung vun den Energieministeren anzeruffen. Grond dofir ass d'Situatioun an Ungarn, wou dat wichtegst Atomkraaftwierk Paks wéinst dem niddrege Waasserstand an der Donau bal komplett ausser Betrib geholl gouf. D'Kraaftwierk liwwert bal d'Hallschent vum Stroum am Land.

Déi laang Hëtztwell an d'Dréchent hunn dozou gefouert, datt net méi genuch Killwaasser aus der Donau disponibel ass. Gläichzäiteg klëmmt de Stroumverbrauch duerch d'Hëtzt däitlech. Déi ungaresch Regierung huet dofir grouss Industriebetriber opgefuerdert, hire Stroum- a Waasserverbrauch fräiwëlleg ze reduzéieren. Och a staatleche Gebaier soll d’Beliichtung ausgeschalt ginn, fir Energie ze spueren.

Keng akut Gefor bei der Stroumversuergung an der EU

Och am Nopeschland Rumänien huet den niddrege Waasserstand schonn dozou gefouert, datt ee Reakter vum Atomkraaftwierk Cernavodă misst ofgeschalt ginn.

D'EU-Kommissioun observéiert d'Situatioun genee a wëll, falls néideg, eng ausseruerdentlech Reunioun vum europäesche Koordinatiounsgrupp fir d'Stroumversuergung aberuffen. Bis elo gëtt et awer nach keng akut Gefor fir d'Stroumversuergung an der Europäescher Unioun.

Back to Top
CIM LOGO