
Bis e Freidegnomëtteg wieren "méi wéi 37.500" vun de Leit, déi zu Ceuta ukomm sinn, nees zeréck a Marokko gaangen, esou de spueneschen Inneministère géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. An deene leschten Deeg wieren den Autoritéiten no ronn 60.000 Leit aus Marokko an der Exklav ukomm. Europäesche Buedem hätt bis ewell kee vun de Migranten erreecht, heescht et vun offizieller EU-Säit. Ausserdeem géif et keng entspriechend weider Mouvementer vu Ceuta aus an d'EU ginn.
D'spuenesch Exklave Ceuta a Melilla bilden déi zwou eenzeg Landesgrenze vun der EU mat Afrika. D'Gebitter si reegelméisseg d'Zil vu Migranten, déi sech e bessert Liewen an Europa erhoffen.