
A Mecklenburg-Vorpommern steet déi nei Koalitioun aus SPD, Lénken an deene Gréngen. Et ass déi éischte Kéier, datt an engem däitsche Bundesland eng rout-rout-gréng Regierung un d’Rudder kënnt. Wéi méi däitsch Medie mellen hu lo déi 3 Parteie gréng Luucht fir déi nei Koalitioun ginn. Domadder wäert d’Manuela Schwesig vun der SPD Ministerpresidentin bleiwen.
Bei de Landtagswalen am September war d’AfD mat ronn 38 Prozent déi stäerkste Partei ginn, virun der SPD mat 35,5 Prozent. Well awer keng aner Partei mat der AfD zesummeschaffe wëllt, wäert se déi eenzeg Oppositiounspartei am Landtag zu Schwerin sinn. D’CDU war jo fir d’éischt an hirer Geschicht aus engem däitsche Landtag erausgeflunn.