
No 20 Joer gouf et Zäit fir en neie Logo, eng nei Identitéit fir d'Stad Diddeleng, sou de Buergermeeschter aus der Forge du Sud, Dan Biancalana. Op deem ale Logo ass d'Stadhaus vun der Gemeng ze gesinn. "Diddeleng ass awer vill méi ewéi d'Stadhaus. Et ass eng Stad mat enger staarker Geschicht, mat engem räiche kulturelle Liewen, mat enger Dynamik, mat enger grousser Vilfalt. Et ass eng Stad, déi vill Initiativen hëlt an eng héich Liewensqualitéit bitt. Diddeleng ass eng Stad, déi sech weiderentwéckelt. Mir wollten dowéinst eng visuell Identitéit schafen, déi dës Facettë besser erëmspigelt."
Et géif net drëms goen, fir mat der Vergaangenheet ze briechen, mee d'Geschicht an d'Identitéit vun Diddeleng an eng méi zäitgeméiss Form ze bréngen.
Enn 2024, Ufank 2025 hunn déi Responsabel vun der Stad Diddeleng ugefaangen, sech Gedanken iwwert e Wiessel vum Logo ze maachen. "Et war dëst e participative Prozess mat eise Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Stad Diddeleng", sou den Dan Biancalana am RTL Interview. Ënnert dem Slogan "Liewe wéi am Süden" huet d'Stad Diddeleng en Dënschdeg hir nei visuell Identitéit presentéiert. Dorënner den neie Logo, deen awer net bei jidderengem gutt ukënnt. An de soziale Reseaue goufen et déi leschten Deeg vill Reaktiounen, haaptsächlech negativer. Ee Kritikpunkt ass dobäi besonnesch heefeg ze liesen: Den neie Logo géing un de japanesche Militärfändel, de "Kyokujitsuki" erënneren. "Ech verstinn, datt en néie Logo ka verschidde Meenungen ervirruffen. Mir hunn déi nei Identitéit net ausgeschafft, fir iergendengem eppes virzeschreiwen. Et geet drëms, Diddeleng a senger Vilfalt duerzestellen. E Logo eleng kann ni de ganze Räichtum an d'Identitéit vun enger Stad erëmspigelen. Et kann nëmmen eng visuell Ënnerschreift sinn."
VIDEO: WV BIANCALANA LOGO FANDEL (1'48)
37.000 Euro kascht den neie Logo. Progressiv géif elo déi weider Ëmsetzung vum neie Logo geschéien. "Mir hu jo nach Bestand mam ale Logo, wéi Bréifpabeier oder Enveloppen. Dat wäerte mir och nach weider notzen, bis keng méi do sinn. En Deel vun der Ëmsetzung gëtt awer och intern, an eegener Regie vun eise Servicer deementspriechend ëmgesat", sou den Diddelenger Buergermeeschter weider.
De 26. Oktober huet de Gemengerot wärend enger Sitzung déi nei visuell Identitéit vun der Stad Diddeleng presentéiert kritt. D'Memberen aus dem Gemengerot hätten du wärend där Reunioun de ganze Prozess erkläert kritt. "Mir hunn déi néideg Erklärunge ginn an allen Detailer. Wärend der Sitzung gouf och vill a gutt hin an hir diskutéiert. Parteiiwwergräifend wär de Logo largement begréisst ginn. E gouf och positiv bewäert. De villfältegen Notze vum Logo wär erkannt ginn", sot den Dan Biancalana wärend dem Interview.