
Géint 22:20 Auer europäescher Zäit e Freidegowend huet déi national Fluch-Administratioun FAA ordonéiert, dass an de ganzen USA bis op Weideres keng Flich méi dierfe starten. Grond fir d'Decisioun wier e Kommunikatiounsproblem bei den Toweren vun der Fluch-Kontroll. D'Techniker géingen den Ament un enger Léisung vum Problem schaffen.