
D'Londoner Police huet Ermëttlunge géint de Komiker, Schauspiller a Kannerbuchauteur David Walliams opgeholl. Et geet ëm de Verdacht op "schwéier Sexualdelikter", déi de Britt an der Vergaangenheet begaange soll hunn.
Schonn d'Woch iwwer haten déi brittesch Zeitung "The Guardian" an den Tëleessender ITV Aussoe vu verschiddene Frae publizéiert, déi dem Walliams sexuell Iwwergrëffer reprochéieren.
Ouni de Schauspiller, deen duerch d'Comedy-Serie "Little Britain" bekannt ginn ass, beim Numm ze nennen, deelt d'Metropolitan Police e Freideg mat, datt si an de leschten Deeg e puer Meldungen iwwer déi presuméiert Dote kritt hätt.
D'Police betount, datt dës net identesch mat de Virwërf aus de Medieberichter wieren. D'Enquêteure géifen elo iwwerpréiwen, ob et Hiweiser op méiglech Delikter gëtt.
De 55 Joer ale Mann gehéiert zu den erfollegräichste Kannerbuchauteuren a Groussbritannien. Hien huet ronn 20 Bicher publizéiert.
Verschidde Frae geheien him vir, säi Status als Prominenten ausgenotzt ze hunn, fir sexuell Bezéiunge mat hinnen anzegoen, wéi si nach jonk oder souguer mannerjäreg waren. Eng vun de Frae seet, si wier am Alter vu 15 Joer Affer vun engem sexuellen Iwwergrëff ginn.
De Walliams weist d'Virwërf zeréck. Hien huet allerdéngs zouginn, sech vis-à-vis vu bestëmmte Persounen, mat deenen hie sexuell Bezéiungen hat, "ongeduecht" verhalen ze hunn.
Nodeems d'Virwërf bekannt gi waren, huet d'BBC eng Rei Sendunge vun hire Plattformen erofgeholl.
D'Virwërf géint de Walliams kommen zu engem Zäitpunkt, wou och de brittesche Komiker Russell Brand wéinst Sexualdelikter am Mëttelpunkt stoung. Hie gouf den 9. November wéinst enger Vergewaltegung an dräi sexuellen Iwwergrëffer zu zéng Joer a sechs Méint Prisong verurteelt.