
Nodeems d'Rout Léiwen mat enger 2:1-Optaktvictoire géint Bulgarien gutt an d'Nations-League-Gruppephas gestart waren, sinn déi uschléissend Matcher fir d'Lëtzebuerger dunn awer manner erfollegräich verlaf. Géint Island, Estland an am Réckmatch géint Bulgarien gouf et dräi Defaiten hannerteneen, soudatt ee virum Match géint Estland mat dräi Punkten op der leschter Plaz am Grupp 4 vun der Liga C stoung. De Réckmatch géint Estland war deemno wichteg, well d'Männer vum Jeff Strasser an engem Heemmatch d'Geleeënheet haten, fir den Negativtrend ze stoppen a sech gläichzäiteg fir d'Defaite aus dem Allersmatch ze revanchéieren.
Mat enger Victoire hätt Lëtzebuerg sech deemno Loft kënne verschafen an esou déi lescht Plaz an hirem Grupp verloosse kënnen. Dëst sollt de Roude Léiwen awer net geléngen. No enger schwaacher Leeschtung a mat engem eenzege Schoss op de géigneresche Gol bannent 90 Minutten, hu sech d'Männer vum Jeff Strasser géint Estland mat 0:1 misse geschloe ginn, wouduerch si weiderhin op der leschter Plaz am Grupp stinn.
0:1 Paskotsi (43')
D'Lëtzebuerger hu virun heemesche Public e gudde Start an de Match erwëscht an hu monter no vir gespillt. Esou hu sech d'Rout Léiwe schonns an der zweeter Minutt geféierlech an den estesche Strofraum gespillt, allerdéngs goufen dem Moreira seng zwee Versich vun engem Est ofgewiert. Och dem Kadamani seng Tentative an der 7. Minutt konnt ofgewiert ginn, soudatt den estesche Golkipp net huet missen agräifen. D'Lëtzebuerger waren deemno an der Ufanksphas dominant, allerdéngs hunn no 10 Minutten d'Esten esou lues awer sécher ugefaangen, d'Heft an d'Hand ze huelen. Si hu sech ëm Ballbesëtz beméit a probéiert e Lach an der Lëtzebuerger Defense ze fannen. Dëst sollt hinnen dunn och an der 18. Minutt fir déi éischte Kéier geléngen. De Shein, dee bei Portsmouth ënner Vertrag steet, ass un de Ball komm an huet am Lëtzebuerger Strofraum Mann a Maus ausgedanzt an e Schoss a Richtung Moris lassgelooss. Dëse konnt de Ball allerdéngs ouni gréisser Problemer paréieren, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass.
Doropshin sinn d'Esten ëmmer nees geféierlech virum Moris opgedaucht: An der 24. Minutt huet de Männilaan eng Flank vum Larsen knapps iwwert de Gol gesat, ier datt de Männilaan, deen an der estescher Liga bei Kalju spillt, an der 29. Minutt de Selimovic al ausgesi gelooss huet an eleng virum Moris opgedaucht ass. De Lëtzebuerger Nationalgolkipp konnt dem Männilaan säi Schoss allerdéngs mat enger gudder Reaktioun entschäerfen an esou e Géigegol verhënneren. Mä d'Esten hu weider no vir gespillt an de Lëtzebuerger am weidere Verlaf keng Loft zum Ootme méi gelooss. D'Rout Léiwe goufen am eegene Strofraum agekesselt an hunn de Ball nëmmen nach seelen iwwert d'Mëttellinn bruecht. Paskotsi, Shein, Männilaan a Co. hu sech weider Chance ëm Chance kreéiert a konnte sech fir hire monteren Optrëtt dunn an der 43. Minutt schlussendlech belounen. De Shein huet op der rietser Säit de Paskotsi an Zeen gesat, deen net laang gezéckt huet an de Ball souverän ënne lénks am Eck zum 1:0 versenkt huet. D'Männer vum Jeff Strasser hu villes ze wënschen iwwreg gelooss. Esou hu si an der éischter Hallschent kee Schoss op den estesche Gol bruecht an d'Esten haten och méi Ballbesëtz, ware vill méi geféierlech an hu méi bësseg souwéi besser a Form gewierkt, soudatt d'1:0-Féierung fir d'Männer aus dem Baltikum och vëlleg an d'Rei gaangen ass.
No der Paus hunn d'Este weider couragéiert opgespillt a sech esou bannent den éischte Sekonne vun der zweeter Hallschent eng Occasioun erausgespillt. Allerdéngs huet de Kristal am Duell géint de Moris de Kierzere gezunn, dee seng Faarwen op en Neits mat senger Parad am Spill gehalen huet. D'Esten hunn doropshin de Match geréiert a probéiert d'Rout Léiwe vun hirem Gol ewechzehalen. Dëst sollt den Esten och geléngen, well d'Lëtzebuerger keen Zougrëff an de Match fonnt hunn, wat dem Lëtzebuerger Trainer guer net gefall huet, soudatt dëse schonns an der 58. Minutt dräi Mol gewiesselt huet.
Vill bruecht hunn dëse Wiessel allerdéngs net, well d'Este weiderhin den Toun uginn hunn. D'Lëtzebuerger si ferm geschwommen an hunn ëmmer nees Chancë vun de Gäscht zougelooss, ewéi och an der 63. Minutt, wou de Moris alt nees géint de Männilaan paréiere konnt. An der 72. Minutt gouf de Paalberg dunn an d'Lach geschéckt an ass eleng a Richtung Moris gelaf. Virun dësem sollt den Est äiskal bleiwen an de Ball zum 2:0 ënnerbréngen. Allerdéngs war déi estesch Freed just vu kuerzer Dauer, dëst well de Gol wéinst enger Abseitspositioun vum Paalberg akasséiert gouf. Eng Lëtzebuerger Reaktioun ass iwwerdeems an der Schlussphas ausbliwwen. Och an dëser waren et d'Gäscht aus Estland, déi den Toun uginn hunn. Esou sinn d'Esten an der 85. Minutt duerch eng flott Fräistoussvariant vum Palumets nach eng Kéier geféierlech virum Moris opgedaucht. Allerdéngs konnt de Käit, deen um zweete Potto op de Ball gelauert huet, dat ronnt Lieder net cadréieren, soudatt dëst nieft dem Gol ageschloen ass. An der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent sollten d'Lëtzebuerger dunn op eemol awer nach eng Kéier geféierlech virum géigneresche Gol opdauchen an deen éischte cadréierte Schoss verbuche kënnen, deen den Hein awer souverän paréiere konnt. Um Enn sollten d'Lëtzebuerger no enger enttäuschender Leeschtung verdéngt mat 0:1 géint Estland verléieren. Domadder hunn d'Männer vum Jeff Strasser fir déi véierte Kéier hannertenee verluer an hunn op en Neits hir Offensivschwächt ënner Beweis gestallt.
0:1 Gudjohnsen (17', Eelefmeter), 0:2 Oskarsson (21'), 0:3 Tsenov (53', Eegegol), 0:4 Gudjohnsen (68'), 0:5 Gudjohnsen (79')
Island huet sech auswäerts ganz kloer mat 5:0 géint Bulgarien duerchgesat an domadder seng Spëtzepositioun am Grupp 4 weider ausgebaut. D'Islänner hunn d'Partie schonn an der éischter Hallschent an déi richteg Richtung gelenkt: Den Andri Gudjohnsen huet an der 17. Minutt fir d'Féierung gesuergt, ier den Orri Óskarsson nëmme fënnef Minutte méi spéit op 2:0 erhéicht huet. Nom Säitewiessel ass et fir Bulgarien nach méi batter ginn. Fir d'éischt huet en Eegegol vum Tsenov fir den 3:0 gesuergt, duerno huet de Gudjohnsen nach zweemol zougeschloen an domadder säin Hattrick perfekt gemaach. Island gewënnt esou souverän mat 5:0 a steet virum leschte Spilldag mat 11 Punkten un der Tabellespëtzt.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.