
E Samschdeg sinn a Frankräich nees Dausende Leit op de Stroossen. Eleng an der Haaptstad Paräis sollen et tëscht 30.000 a 60.000 Demonstrante sinn. Den Haapt-Protestzuch ass um 14 Auer op der Place de la République fortgaangen, säi Wee féiert dann iwwert d’Bastille bis op d’Place de la Nation.
Well ënnert den Demonstranten och bis zu 600 extrem gewaltbereet Leit solle sinn, huet d’Police nees ee grousse Sécherheetsdispositif en place gesat. Uechter dat ganzt Land sinn eng 70.000 Beamten am Asaz. D’Protester riichte sech ënnert anerem géint déi héich Liewenskäschten.