
An Holland ass d'Regierungskris bis op Weideres geléist. No eng Krisereunioun vu méi wéi 7 Stonnen, si sech d‘Partner vun der Minoritéitsregierung vum Rob Jetten eens ginn, et nach eng Kéier mateneen ze probéieren. Wéi dat genau soll ausgesinn, gouf net gesot. D‘Gespréicher sollen de Weekend elo weidergoen.
Eng Steierreform an eng Millionärssteier hat de Sträit an der Koalitioun ausgeléist, wéinst deem ee vun den 3 Partner d'Regierung wollt verloossen. D'Steierreform krut an Tëscht am Parlament gréng Luucht.