Problemer bei MicrosoftEng Erweiderung vun der Netzwierkkapazitéit soll den Ausléiser gewiescht sinn

RTL Lëtzebuerg
E komplette Bericht mat Detailer zur Ursaach soll nach publizéiert ginn.
© pexels.com / Brett Sayles

Déi weltwäit Probleemer bei Microsoft e Freideg sollen op en hausinterne Probleem zeréckzeféieren sinn a wieren deemno net duerch eng Cyberattack oder KI-Aktivitéit entstanen, heescht et vu Microsoft selwer. E Probleem, deen duerch en Upgrade vun hirer Reseauskapazitéit entstanen ass, ass elo opgetaucht, wéi eppes um Reseau geännert gouf, esou de Konzern. Doduerch goufe weltwäit Entreprisen a Konsumente vun den zentrale Cloud-Servicer vu Microsoft ofgeschnidden.

Betraff waren eng Rei Servicer vu Microsoft, dorënner Outlook, Teams, Exchange Online a Microsoft 365 Copilot. D'Problemer waren a ville Länner ze spieren.

De Konzern huet de Problem mëttlerweil behuewen an d'Servicer no an no nees hiergestallt. E komplette Bericht mat Detailer zur Ursaach soll nach publizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO