Wéinst dem Konflikt mam IranDonald Trump dementéiert Enkpäss am Waffenarsenal a menacéiert Informanten

RTL Lëtzebuerg
Op senger Plattform "Truth Social" huet hien ugekënnegt, datt d'Persounen, déi dës Informatiounen un d’Medie weiderginn hätten, "gejot" géifen an hinne laang Prisongsstrofe kéinten dreeën.
© AARON SCHWARTZ/AFP
© Truth Social

Den US-President betount, d’USA géifen iwwer grouss Quantitéiten u Munitioun verfügen an d’Produktioun géif weider op Héichtoure lafen.

CNN an d’Washington Post haten dogéint gemellt, datt virun allem Patriot-Ofwierrakéiten a wäitreechend Rakéite knapp kéinte ginn, déi och fir d’Ukrain wichteg sinn.

Zousätzlech gouf iwwer eng méiglech Spannung tëscht dem Trump a Verdeedegungsminister Pete Hegseth spekuléiert.

Der Washington Post no hätt Trump Erklärunge fir déi gemellten Enkpäss gefrot. D’Wäisst Haus an de Pentagon hunn dës Duerstellung awer als "Fake News" zeréckgewisen a betount, datt Trump weider vollt Vertrauen an den Hegseth hätt.

Back to Top
CIM LOGO