De Poopst Franziskus ass vläicht dee Mënsch, ëm deen, 2025 weltwäit, di meescht Leit getrauert hunn. 12 Joer laang stoung den éischten, net europäesche Poopst un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch. E puer Méint no sengem Besuch am Grand-Duché, op Ouschterméindeg, stierft den Argentinier. Hie gouf 88 Joer al.
Am Alter vun 91 Joer ass mam Brigitte Bardot Enn 2025 d’Ikon vum franséische Kino gestuerwen. Mat hir geet eng Fra, déi d’Kino-Ära vun den 1960er Jore gepräägt huet an duerno eng nei Roll als Aktivistin iwwerholl huet. Trotz Kontroversen an heftege gesellschaftleche Debatten ass d’Brigitte Bardot eng Symbolfigur bliwwen. Besonnesch déi lescht Jore vun hirem Liewen huet d’Brigitte Bardot ganz bescheide verbruecht.
Eng Grande Dame aus der Wëssenschaft seet Äddi. D’Jane Goodall huet hir extrem wäertvoll Fuerschungsaarbecht mat der Welt gedeelt, an anere widdersprach. Duerch hir Aarbecht mat Primate konnt si beweisen, dass Schimpansen eis méi no si wéi geduecht, dass se zum Beispill mat Hummer a Meessel schaffe kënnen, a Gefiller hunn. D’Brittin stierft am Alter vun 91 Joer.
Wie kennt en net, deen anere schéinen, niewent dem Paul Newman, de Robert Redford stierft ee Mount no sengem 89. Gebuertsdag an hannerléisst net just Temoignagen als Acteur, mee och als Produzent a Realisateur. Säin Doud ass e grousse Verloscht, och fir déi alternativ Filmzeen.
Net eleng den italieenesche Kino trauert ëm eng Ikon aus de 60er/70er. Déi gebierteg Tunesierin Claudia Cardinale stoung fir déi mediterran Schéinheet. Am Gattopardo spillt si nieft Lancaster an Delon. Visconti a Fellini waren hir verfall. D’Actrice gëtt 87 Joer al.
Ugangs de 70er gouf den Ozzy Osbourne zu enger Kultfigur vum Heavy Metal. Bis zum Schluss huet de Britt provozéiert a polariséiert. Kuerz no sengem leschten Optrëtt zu Birmingham, wou hien am Sëtze gesongen huet, stierft de Museker am Alter vu 76 Joer un engem Häerzinfarkt.
Ee mat engem ganz anere Stil, de Rick Davies, Matgrënner, Sänger a Keyboarder vu Supertramp, stierft no laangem Kampf géint Kriibs, am Alter vun 81 Joer.
Schonn 10 Joer viru Supertramp stoung de “Beach Boy” Brian Wilson op der Bün. Hir Texter, meeschtens aus der Fieder vum Wilson, ziele vu Sonn a gudder Laun. Trotz exzessivem Drogekonsum, Depressiounen a Schizophrenie, gëtt de Kalifornier 82 Joer al.
D’Gesiicht vum Lex Luthor am Film “Superman” oder d’Schnëss vum Detective Doyle aus “French Connection” vergësst een net esou séier. Den Gene Hackman an Hollywood hu gematched, den Acteur stierft mat 95.
Säi kale Bléck war ee vu senge Markenzeechen. Den Udo Kier ass ee vun deenen däitsche Schauspiller, déi reegelméisseg zu Hollywood am Asaz waren. Gedréint huet hie genee sou fir e Warhol, wéi fir en Herzog oder e Lars von Trier. De Kölner, fir dee keng Roll ze vill skurril war, stierft mat 81 a Kalifornien.
Si sinn ëmmer zesummen opgetrueden, an hunn d’Welt och zesumme verlooss, mat 89. No hirer Flucht ass der DDR stoungen déi international bekannt Kessler-Zwillingen Alice an Ellen ënner anerem mam Frank Sinatra a mam Fred Astaire op der Bün.
Mat 79 stierft do och d’Diane Keaton, déi bis kuerz virun hirem Doud, nach Filmer gedréit huet. Bekannt gouf si duerch hir Roll am Coppola sengem “The Godfather”, a si gëtt herno dem Woody Allen seng Muse. An, mat hirem androgynne Look, eng Stilikon.
...sou wéi den Giorgio Armani, hie geet mat 91, a stoung bis zum Schluss nach un der Spëtzt vu sengem Emporio. Den italieeneschen Designer iwwerlieft vill aner Perséinlechkeeten aus der Welt vun der Moud.
Showtime a gogo... Den Hulk Hogan war de Mister Wrestling; den Amerikaner war zwee Meter grouss an huet 137 Kilo op d’Wo bruecht. Nom Catchen huet hie säi Geld mat Rollen a Filmer verdéngt. Hie stierft mat 71 un engem Häerzinfarkt.
Als Extremsportler huet hir gär geféierlech gelieft. De Felix Baumgartner spréngt aus enger Héicht vun 39 Kilometer an d’Näischt, duerchbrécht d’Schallmauer mat 1.360 km/h an iwwerlieft och den héchste Sprong aus engem Ballon. E Vol mat engem motoriséierte Parapente geet schif, mat 56 Joer brécht de Salzburger sech d’Genéck.
“Leiche bleibt am Berg”, sou den definitive Verdikt, e puer Wochen nodeems déi fréier däitsch Top-Biathletin, Weltmeeschterin an Olympiagewënnerin, Laura Dahlmeier mat 31 Joer wärend dem Klammen am Pakistan vu Steng getraff an déidlech blesséiert gi war. Hire Wonsch, hire Kierper net ze biergen, huet sech erfëllt.
D’Margot Friedländer ass am Alter vun 103 Joer gestuerwen. Déi bedeitend Zäitzeie vun der Juddeverfolgung wärend der NS-Herrschaft war an d’Konzentratiounslager Theresienstadt verschleeft ginn. Hir ganz Famill war am Vernichtungslager Ausschwitz ëmbruecht ginn, si hat awer iwwerlieft. Bis zum Schluss huet si sech géint d’Vergiessen agesat, huet a Schoulen an op Veranstaltunge Riede gehalen.
Um Enn zwee Politiker, déi net onbedéngt fir hir Mënschlechkeet a politescht Feigefill bekannt sinn. De Jean-Marie Le Pen, Grënner vum franséische Front National an den Dick Cheney, ënnert dem George W. Bush Verdeedegungsminister an nom 9/11 Vizepresident, verloossen d’Weltbün definitiv, am Alter vu 84 respektiv 96 Joer.